Frieden: Kee Verstouss géint d'Gesetz am "Rapport P.Reuland"

Frieden: Am Rapport am Kontext P. Reuland war näischt opgelëscht, wat géint d'Gesetz verstousse géif an zu enger Disziplinarprozedur hätt misse féieren.
Am Zesummenhank mat der Affär Bommeleeër läit eis dann och d'Äntwert vum Justizminister François Biltgen op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Claude Meisch vun e Freide vir. Dee wollt doran Detailer hunn iwwer Bréiwer, déi de Procureur d'État 2007 dem deemolege Justizminister Luc Frieden geschéckt hat. Deen huet sengem Successeur confirméiert, e Bréif vun Enn November kritt ze hunn. Dorun houng e Rapport vun Enquêteuren iwwer e Gespréich, am Oktober 2006, tëscht dem Pierre Reuland, dee Moment Generaldirekter vun der Police, a Polizisten um Abschied vun engem Kolleg. An deem Bréif wär näischt opgelëscht, wat géint d'Gesetz verstousse géif an zu enger Disziplinarprozedur oder engem Licenciement hätt misse féieren.
Am Dezember 2007 goung dunn e weidert Schreiwes vum Procureur d'État un de Justizminister Luc Frieden, an deem de Robert Biever op en Neits op d'Relatiounen tëscht dem Parquet an der Police an der Bommeleeër-Affär agoung. Den aktuelle Justizminister François Biltgen schreift an der Äntwert weider, dass op Grond vun engem anere Courrier vum Procureur un de virechte Justizminister, am Januar 2008, de Generaldirekter vun der Police vu senge Fonctiounen entbonne gouf, an dat fir d'Vertraue vun de Bierger an d'Organer vum Staat z'erhalen.