An der Affaire Bommeleeër ginn et elo schonn zwee Niewekläger: No der Stad Lëtzebuerg huet sech och Creos Partie civile constituéiert.

D'Entreprise freet Schuedenersaz fir 5 Attentater op Stroumasten.

De Schued gëtt op eng Millioun Euro geschat, en dierft awer a Wierklechkeet méi héich leien.

E Freide scho gouf am Stater Schäfferot unanime decidéiert, fir sech als Gemeng en vue vum Prozess Partie civile ze constituéieren. Dat huet de Buergermeeschter Xavier Bettel RTL géintiwwer um Mëttwoch erkläert.

D’Servicer vun der Gemeng sinn an enger éischter Phas op e Montant vun iwwer 20 Milliounen aler Frange (500.000 Euro) komm, déi d’Attentater d’Gemeng kascht hunn.

Dem Buergermeeschter no gëtt v.a. Schuedenersaz fir d’Attentat, op Nationalfeierdag 1985, zu Hollerech gefrot.