Bommeleeër: Den Desinteressie vun der Regierung an der Affär giff all Dag méi offensichtlech ginn a si verstoppt sech hannert der Instruktioun, sou d'DP.

D'Affär Bommeleeër – oder wéi d'DP mengt, déi zwou Affären Bommelëeer, eng Kéier d'Attentater an op där anerer Säit déi gravéierend Pannen, waren en Donneschdeg de Moie e Sujet am Oppositiounsbriefing vun der DP.

An hiren Aen géif sech d'Regierung hannert der Instruktioun verstoppen, ënnert anerem de Luc Frieden, fréiere Police- a Justizminister, sou de Claude Meisch. Hie wär spéitstens am November 2007 informéiert gewiescht, iwwert Aussoen vum deemolge Police-Generaldirekter Pierre Reuland, mä hätt awer Enn Januar 2008 an der Chamber nach eppes Aneres behaapt. De Claude Meisch zitéiert de Luc Frieden, deen gesot hätt, hie géif näischt vum Dossier Bommeleeër kennen. Hie wier deemools weder Minister nach Deputéierten gewiescht, mä Student.

Bis haut hätt et keng Konsequenze ginn fir de fréiere Generaldirekter vun der Police. D'ganz Land wëll wëssen wat do lass war, just d'Regierung wéilt dat offensichtlech net, soss wier jo op mannst iwwert eng Enquête disciplinaire probéiert ginn erauszefannen, firwat d'Enquête sou massiv behënnert ginn ass.

Affär Bommeleeër: Regierung verstoppt sech, seet DP
D'DP kritiséiert d'Regierung an der Affär Bommeleeër ferm.Virop de fréiere Justizminister Luc Frieden hätt, deene Liberale no, net mat opene Kaarte gespillt.