Bommeleeër: Zwou "eidesstattlech Erklärungen"

Beim Attentat op Héichspannungsmasten 1985 um Stafelter hat een Zeie eppes gesinn. An enger "eidesstattlecher Erklärung" nennt hien 2 Nimm ...
An der Affär Bommeleeër gëtt et en neie Moment, wat d'Attentat, Enn Abrëll 1985, op zwee Héichspannungsmaste vun der Cegedel um Stafelter ugeet.
En Zeien huet nämlech eng sougenannt "eidesstattlech Erklärung" bei engem Notär gemaach a se beim Me Vogel, dem Affekot vun engem vun den zwee Ugekloten, hannerluecht.
Dësen Zeien hat e puer Deeg virum Attentat um Stafelter zwee Verdächteger gesinn, wéi si Sprengstoff un engem vun deenen zwee Pylônen ubruecht hätten. Ee vun deenen zwee Männer gouf spéider vum Mann erkannt: Et war den Armurier vun der Police - e Mann, dee sech Joren dono d'Liewe geholl huet.
A senger eidesstattlecher Erklärung, an där den Zeien nach en zweeten Numm nennt, dee bis elo net bekannt war, geet hien op d'Evenementer um Stafelter an a widderhëlt dora seng Aussoen, déi hien RTL géintiwwer zejoert gemaach hat ...
Nieft där enger gëtt et awer nach eng zweet eidesstattlech Erklärung, déi bei deemselwechten Notär deponéiert gouf, an zwar vun engem fréiere Member vun der Brigade mobile, engem Ex-Kolleg deemno vun den zwee Beschëllegten.
Dee Mann hält dora fest, dass um Verluerekascht eng Kéier zwee Policebeamte mat engem banaliséierte Won bei d'Policegebai bäigefuer sinn, wéi grad den deemolege Chef vun der Police criminelle, Romain Nettgen, erauskoum. Ee vun den zwee Polizisten huet dunn, wéi et an där eidesstatlecher Erklärung steet, zum heitege Policechef gesot: "Elo hu mer de Bommeleeër. Mir hunn den Abschiedsbréif, an doran huet hien en Aveu gemaach". De Policearmurier wär domat gemengt gewiescht, dee Mann also, deen den éischten Zeie bei de Cegedels-Pottoe gesinn hat an dee sech spéider d'Liewe geholl huet.
Kritik vun der DP
Op dem Oppositiounsbriefing vun der DP um Donneschdeg war och d'Affär Bommeleeër en Thema. De President Claude Meisch huet dobäi engersäits d'Forces de l'ordre vun där Zäit an anerersäits d'Regierungen zanterhier kritiséiert.
Doriwwer eraus ass fir den DP-Deputéierte kloer, dass den deemolege Justizminister Luc Frieden spéitstens am November 2007 driwwer informéiert war, dass de Policechef Pierre Reuland Afloss op d'Enquête wollt huelen.