Bommeleeër: US-FBI krut konkret Beweisstécker geschéckt

An der Affär Bommeleeër krut den FBI effektiv konkret Beweisstécker vu Lëtzebuerg geschéckt an de Service de Renseignement hat d’Amerikaner kontaktéiert.
Dat sinn zwou Erkenntnisser aus der juristescher Chamberkommissioun vun de Moien, wou d’Deputéiert mam Procureur général Rober Biever zesumme waren. 53 Froen hat d’DP-Fraktioun virbereet, déi konnte scho reng materiell net beäntwert ginn an der kuerzer hallwer Stonn, déi d’Deputéiert sech Zäit geholl haten, fir mam Procureur général Robert Biever ze schwätzen.
Et wier haut net méi ze retracéieren, wat a wéi genee un den FBI gaang wier a net zeréckgefrot ginn ass. Mä et wiere materiell Beweisstécker gewiescht – zum Beispill Buedemprouwen – an déi wieren elo verschwonnen.
Den FBI wier vum CIA kontaktéiert ginn an un de CIA hat sech de Lëtzebuerger Service de Renseignement gewannt, fir an der Bommeleeër-Enquête gehollef ze kréien.
De Robert Biever war no der Chamberkommissioun kuerz ugebonnen. Et wieren eng Rei Froen gestallt ginn an d'Deputéiert goufen informéiert, datt d'Affär bei de Riichter vum Fong geschéckt gouf.
De liberale Fraktiounschef Claude Meisch war e bësse méi gespréicheg. Op déi grouss Lëscht vun Disfonctionnementer an der Bommeleeër Enquête, sot hien, gehéiert effektiv och drop, datt Beweiser un den FBI geschéckt gi sinn an déi sinn elo fort. Dat ware keng Kopien oder Dateien, mä et war Hard-ware, an anerer Wierder konkret Beweismaterial, Stécker déi op der Plaz fonnt goufen.
An den Enquêteurs-Kreesser gouf ëmmer gesot, den FBI hätt sech selwer op Lëtzebuerg invitéiert gehat, fir en A op d’BL-Enquête ze werfen. De Claude Meisch huet dat haut e bësse rektifizéiert: E Méindeg de Moien wier gesot ginn, datt den FBI net direkt kontaktéiert ginn ass, mä et wier, op Wonsch vun den Enquêteuren Kontakt mam Lëtzebuerger Geheimdéngscht opgeholl ginn. Do wier sech un den amerikaneschen CIA gewannt ginn, déi, déi néideg Moyenen awer net hunn.
An dat war et an der Chamber-Kommissioun: E bëssen FBI mat verschwonnene Beweiser, méi net. Déi interessant Froen, wéi de fréiere Justizminsiter Luc Frieden ëm de Joereswiessel 2007/-08 mat de Informatiounen iwwer de Policedirekter Pierre Reuland ëmgaang ass – e Pierre Reuland, deen d’Enquête jo net grad virugedriwwen huet – déi Froen si fir eng aner Kéier.