Biever: Weider Aussoen vum Parquet an der Chamber kéinten dem Prozess schueden. Dat sot de Procureur Général op eng Invitatioun vun der DP.

D'DP hat de Chamberpresident gefrot, de Procureur général Robert Biever wéinst der Bommeleeëraffär an eng gemeinsam Reunioun vun der juristescher Commissioun an vun der Commissioun fir bannenzeg Affairen ze invitéieren.

Den Här Biever ënnersträicht, dass d'Riichter mam Fong vun der Affär befaasst sinn. Weider Aussoe vum Parquet an der Chamber kéinten dem Prozess schueden.