Bommeleeër: Ex-Geheimdéngscht-Chef attackéiert de R. Biever

Bommeleeër: An engem oppene Bréif un de Procureur général attackéiert de pensionnéierten Direkter vum Geheimdingscht de Robert Biever.
Am Schreiwes vum Charel Hoffmann, deen tëscht 1985 an 2003 Chef vum SRE war, geet ë.a. vun net korrekten an diffamatoresche Behaaptunge vum Procureur Rieds; z.B. géif deen nach ëmmer soen, den Ex-Direkter hätt der Justiz an der zoustänneger Chamberkommissioun Informatioune virenthalen. De Robert Biever hätt de Geheimdingscht an deem séng Memberen donieft an der Commission juridique vun der Chamber beleidegt, wat, wéi de Charel Hoffmann notéiert, weder der Deontologie, nach der Dignitéit vun engem Magistrat entsprieche géif. De Procureur soll seng Undeitungen entweder beleeën oder awer sech ëffentlech beim SRE an deem sengem Ex-Direkter entschëllegen, schreift de Charel Hoffmann um Enn.
Op Nofro hin huet eis de Robert Biever matgedeelt, dass hien näischt an dësem Kontext géif soen.
An der Affär Bommeleeër hat d'DP an den zoustännege Chamberkommissiounen dem Robert Biever iwwer 50 Froe gestallt, an awer wéi et schéint net déi gewënschten Äntwerte kritt. Elo wëllen déi Liberal dem Inneminister Jean-Marie Halsdorf déi nämmlecht Froe stellen am Kontext vun den Dysfunktionnementer, déi et bei der Enquête gouf