Wat déi verschwonne Beweiser ugeet, déi an der Affär Bommeleeër un den FBI geschéckt gi waren, wëll d'Lëtzebuerger Regierung elo an den USA nofroen.

An der Affaire Bommeleeër war jo erauskomm, dass Beweismaterial un den FBI geschéckt gi war an dass vun deem Material zënterhier all Spuer feelt.

A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro zu deem Sujet léisst de Staatsminister Juncker wëssen, dass d'Regierung um diplomatesche Wee d'US-Autoritéite kontaktéiere wäert, fir Informatiounen iwwer déi verschwonne Beweis-Elementer ze kréien.