Affär Bommeleeër: Et gouf 3 Rapporte vum FBI, net nëmmen 2 an déi deemoleg Regierung ass vill méi staark involvéiert wéi bis ewell bekannt.

Dat koum e Méinden an der Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun eraus, wou de Chef vum Service de renseignement d’Deputéiert méi genee informéiert huet.

D’Regierung selwer hat den FBI ageschalt an de Premier, de Justizminister an den Arméiminister goufe schonn am Mee 1986 mat engem FBI-Täterprofil driwwer informéiert, datt d'Bommeleeër wahrscheinlech aus de Forces de l’ordre kéimen. Deen FBI-Rapport ass eréischt 2003 erëmfonnt ginn.

Den DP-President Claude Meisch sot RTL, hien kéint sech net virstellen, datt dee Rapport duerch Zoufall an 3 Ministèren a bei der Police verschwonne wier.

Bommeleeër: Et gouf net 2 mee 3 FBI-Rapporten
Affär Bommeleeër: Et gouf 3 Rapporte vum FBI, net nëmmen 2 an déi deemoleg Regierung ass vill méi staark involvéiert wéi bis ewell bekannt.