FBI-Rapporten: Santer confirméiert, Fischbach dementéiert

FBI-Rapporten an Affär Bommeleeër: De Jacques Santer confirméiert, de Marc Fischbach dementéiert an de verstuerwene Robert Krieps kann een net méi froen.
An der Affär Bommeleeër gëtt jo erëm iwwer d'FBI-Rapportën diskutéiert. An zwar zanter de Chef vum Geheimdéngscht an der Chamber-Kontroll- Commissioun sot, et hätt 3 Rapporte ginn an déi wieren 1986 un de Premier, un de Justizminister an un den Arméiminister gaang.De Premier aus dem Joer 1986, de Jacques Santer sot ëmmer, hien hätt den FBI-Täterprofil gesinn, och haut seet hien dat. Den deemolege Justizminister Robert Krieps hätt déi Saachen sécherlech kritt a weidergeleet, well hie wier ee ganz gewëssenhafte Jurist gewiescht, sou de Jacques Santer.
Wat nei ass, dat ass, datt de Jacques Santer haut seet, d'Regierung hätt sech déizäit Gedanken iwwer d’Insider-Piste gemat. Et hätt een awer am Liewen net dorunner geduecht, datt et déi Leit sinn, déi mat der Opdeckung vum Fall beoptracht waren.
Collusion, dat heescht op Lëtzebuergesch "heemlecht Ofkommes", en Zesummespill tëschent Bommeleeër a Forces de l’ordre. Datt de FBI-Rapport am Joer 1986 net un d’ Justiz weidergaang ass: "Dat musst dir mir och erklären", sou de Jacques Santer.
De Marc Fischbach dann. Hie war 1986 Minister vun der Force publique. An hien dementéiert haut kategoresch iergendeppes vum FBI gesinn ze hunn. D'Affär géif elo well surrealistesch Ausmoossen unhuelen. Dee Rapport hätt hien ni gesinn, net an der Zäit an och net elo. Wann hien dat Dokument gesinn hätt, dann hätt hie mam Kommandant vun der Gendarmerie geschwat an och eng schrëftlech Positioun vun deem agefuerdert. Hien hätt direkt reagéiert.
Hien hätt direkt reagéiert – een Irrealis aus der Vue vum Marc Fischbach. Dee spekuléiert, de Rapport wier vläit um Wee an de Ministère verschwonnen. An där Affär wier einfach alles méiglech.
De Marc Fischbach zitt e verbatterte Resumé. "Ech sinn enttäuscht an hannergaange ginn. Ech hunn den Androck, datt ganz vill Leit hir Aarbecht net gemaach hunn."
An da nach dat hei: RTL Informatioune no gouf et an alle concernéierte Ministère Perquisitiounen fir d’ FBI-Schrëftstécker ze fannen.
Et ass näischt fonnt ginn.