D'DP haakt no an der Affaire Bommeleeër

Et geet ëm hire Questionnaire mat 50 konkrete Froen déi de Procureur général Robert Biever net wollt beäntwere mam Argument vum Secret d'instruction.
Déi Liberal gesinn dat anescht. Fir si geet et am Questionnaire eenzeg an alleng ëm Dysfunktionnementer bei der Enquête, politesch Responsabilitéiten an d'Fro op Disziplinarmesuren ubruecht sinn.
Dowéinst d'Demande de Questionnaire nach emol mat an d'Reunioun vum Chamberpresident mat de Fraktiounspresidenten ze huele fir dass do decidéiert gëtt op déi 50 Froen nach emol Sujet an der zoustänneger Kommissioun ginn.
Am meeschte gelies