Kënnt et zu engem Prozess an der Affaire Bommeleeër? Doriwwer ass elo um Cassatiounsgeriicht verhandelt ginn. Eng Decisioun gëtt sech fir den 28.6 erwaart.

De Maître Gaston Vogel war géint d'Decisioun vun der sougenannter Chambre du conseil op d'Cassatioun gaang.

Déi Chambre du conseil war der Meenung, datt et genuch Unhaltspunkter ginn, fir den zwee inculpéierte fréiere Gendarmen vun der brigade mobile de Prozess ze maachen.

Den Affekot gesäit dat bekanntlech net esou an huet weider Ermëttlungen an der Bommeleeër-Affaire gefuerdert. Déi zwee Inculpéiert hunn ëmmer rëm betount, datt si näischt mat der ganzer Saach ze dinn hätten.

De Maître Gaston Vogel vertrëtt iwwregens entretemps just nach ee vun de Polizisten.

De Gaston Vogel huet och fundamental verfassungsjuristesch Bedenken, datt an enger Affär, wou an der Enquête esou vill Fehler geschitt sinn, datt do keng Cassatioun sollt méiglech sinn.

Affär Bommeleeër: Interview mam Gaston Vogel
Affär Bommeleeër: Interview mam Gaston Vogel