D'Cours de Cassation huet um Donneschdeg hiert Uerteel bekannt ginn: Et gëtt e Prozess an der Bommeleeër-Affaire géint déi zwee fréier Gendarmen.

D'Affekote vun den zwee ugeklote fréiere Membere vun der Brigade mobile, de Maitre Vogel an d'Maitre Lorang waren op d'Cassatioun gaang, well et hirer Meenung no net genuch Beweiser géint hir Cliente gëtt.

Déi zwee Inculpéiert hunn ëmmer rëm betount, datt si näischt mat der ganzer Saach ze dinn hätten.

Dem Marc Scheer säin Affekot, de Maître Vogel, huet insistéiert, d’Decisioun vun en Donneschdeg de Moie géif guer näischt iwwer d'Schold oder d'Onschold vun den zwee Ugekloten aussoen.