De Prozess an der Affär "Bommeleeër" soll de 25. Februar 2013 ufänken. Geschätzten Dauer: 3 Méint. E Verdikt gëtt net virun Enn vum Joer erwaart.

Wann näischt dertësche kënnt, da fänkt de Prozess an der ominéiser Bommeleeër-Affär um Méindeg, 25. Februar 2013 virun der "Chambre criminelle" vum "Tribunal d’arrondissement de Luxembourg" un.

Dat hunn d'Justizautoritéiten um Dënschdegmëtteg confirméiert. Si ginn dovunner aus, datt de Prozess 3 Méint dauert.

De Pressespriecher vun der Justice, Henri Eippers

De Parquet huet fir de Jorhonnert-Prozess 60 Zeie convoquéiert, den Maître Gaston Vogel, den Affekot vun engem vun den 2 ugeklote Gendarmen, och, dorënner de Prënz Jean.

RTL

De Maître Vogel huet am RTL-Interview vun engem lamentabelen Dossier geschwat, iwwert deen hien awer ganz optimistesch ass.

De Maître Gaston Vogel (1)
De Maître Gaston Vogel (2)

Mat engem Verdikt ka fréistens Enn 2013 gerechent ginn. Wahrscheinlech gëtt et awer Fréijoer 2014.

Déi 2 Ugeklote musse sech ënnert anerem wéinst Tentative d'assassinat veräntweren a riskéiere bis zu 25 Joer Prisong.

Affär Bommeleeër: Prozessoptakt um Méindeg, 25. Februar 2013
Affär Bommeleeër: Prozessoptakt um Méindeg, 25. Februar 2013 - Interview mam Gaston Vogel.