Eisen Informatioune no hu Leit vum Geheimdéngscht de Chef vun der Gendarmerie, de Colonel Aloyse Harpes oflauschtere gelooss.

Bis ewell huet et jo ausgesinn, wéi wann d’Affaire Bommeleeër eng reng Gendarmerie-Affaire gewiescht wier. Dat kéint sech elo änneren.

Ugefaange mat der Lëscht vun den Zeien am Bommeleeër-Prozess, déi de Parquet héiere wëll. Do sinn net manner wéi 12 SREL-Zeie virgesinn, 12 Zeien aus enger Institutioun, déi am Dossier relativ hannerwans gesegelt ass. Bekannt war just, datt de SREL de Ben Geiben observéiert hat an datt et beim SREL Perquisitioune ginn hat, mä awer och, datt - op Uerder vun hirem Chef,  dem Premier Jean-Claude Juncker, gekuckt gi war, op de SREL via Gladio a stay behind mat der Bommeleeër-Affär eppes ze dinn hätt. Resultat an der Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun vun der Chamber: Nada, niente. An de Procureur Robert Biever huet emol gesot, de fréiere Chef vum SREL wier an der Haaptsaach geheim a soss giff hie sech u näischt erënneren. Wéi mir aus serieuxe Quelle gewuer si ginn, huet de SREL op engem Punkt mat der Affär awer wesentlech méi ze dinn, wéi bis ewell bekannt. Et ass de Volet Ecouten. Leit vum SREL hunn nämlech de Colonel Aloyse Harpes iwwerwaache gelooss. An zwar vum Härebierg aus. Du souz, am Pavillon 1 vum CIM (centre d’ instruction militaire) e Militär, deen hat den Optrag vum SREL, den Aloyse Harpes ofzelauschteren, seng privat Gespréicher wuel gemierkt. Dat ass vum Bomme-Joer 1985 bis Enn 1986 gaang. An et wieren iwwregens nom leschten Attentat am Mäerz 1986 ëmmer manner Ecouten op de Colonel Harpes gemat ginn. De Lt. Colonel Armand Brück, déi Zäit Chef um Härebierg, hätt Bescheed gewosst an den CSV-Deputéierte Willy Bourg wier et och 1986 gewuer ginn.

Et muss ee sech kéipweis Froen iwwer dee Virgank stellen.

Hätt net missen den deemolege Premier Jacques Santer déi Ecouten missen ordonnéieren? A firwat ass de Colonel Harpes ofgelauschtert ginn? Als Täter an der Bommeleeër-Serie oder well de Geheimdéngscht wësse wollt, wat de Colonel a seng Enquêteuren iwwer d’Bommeleeër erausfonnt haten? A wann den Uerder net vum Premier koum, huet de SREL dann op eege Fauscht ofgelauschtert? Gouf et vläit e parallele Geheimdéngscht, deen op sech oder op aner Uerdere geschafft huet?

A wat ass bei den Ecouten erauskomm? D’Kloe vum Procureur général iwwer de Geheimdéngscht weisen et: d’Justiz schéngt keng Rapporte kritt ze hunn.