"Wann dat esou war, dann ass et net de Regele no gelaf." Dat ass d’Reaktioun vum fréiere Premier Jacques Santer op d'Oflauschterattack op den A. Harpes.

AUDIO: Bommeleeër: Reaktioun vum Jacques Santer

Et war e Militär, dee vu Leit vum SREL ugeschwat gouf, fir si ze schaffen. Hien krut fir d’éischt kleng Commanden, onwichteg Iwwerwaachungen zum Beispill,  mä dat eigentlecht Ziel war en anert. De Mann hat d’Autorisatioun um Härebierg am Pavillon 1 vum centre d’ instruction militaire ze circuléieren wéi e wollt. An e krut gesot, an deeër Telefonszentral giff een elo Écouten op e Gendarme organiséieren. An technesch sinn déi Ecouten dunn och ageriicht ginn. A no enger Zäit huet sech erausgestallt, datt déi Telefonsiwwerwachung géint de Gendarmerie-Colonel Aloyse Harpes geriicht war.

RTL

De Colonel Harpes

Deem seng Privat-Gespréicher sinn op Kassetten opgeholl ginn an e Mann, deen fir d’ ANS, d’autorité antionale de sécurité, geschafft huet, krut déi Kassetten. Vum Hierscht 1985 bis Enn 1986 ass dat gaang. Duerno ass déi ganz technesch Installatioun erëm ofgebaut ginn.  De Lieutenant Colonel Brück an den CSV-Deputéierten Willy Bourg hätte vun engem gewësse Moment un Bescheed gewosst iwwer déi Ecouten. An et koumen och Gespréicher op, wien déi eigentlech Bommeleeër wieren. De Militäre krut an enger hëtzeger Sëtzung verbueden iwwer all déi Saachen ze schwätzen an hien huet missen en Dokument an deem Sënn ënnerschreiwen, datt hien de Mond giff halen. Wa net, giff hien seng Nato-Clearance, also seng Onbedenklechkeetsbescheinigung verléieren. Den Drock war grouss, de Mann hat Angscht, hien huet ënnerschriwwen.

De Problem haut ass, datt de Colonel Brück, den Deputéierten Bourg an de Mann vun der ANS – si sinn allen drei scho verstuerwen, kënnen also net méi gefrot ginn. Wien awer nach lieft, dat ass e fréiere chef d’opérations vum Geheimdéngscht. Hien ass net méi beim SREL, hien huet 2008 eng éige Sécherheetsfirma gegrënnt. Iwwer hien heescht et an dësem Kontext, hien hätt d’SREL-Dokumenter aus de Bommeleeër-Joeren zerschreddert. De Mann ass gehéiert ginn an hien confirméiert dat natierlech net.

Wéi erkrabbel d’ Relatioune tëschent dem SREL an der Gendarmerie an de Bommeleeër-Joere waren, weist en anere Virgank. Am Bommeleeër-Requisitoire steet deen op der Säit 62. Nom Attentat op d’ Gendarmerie um Verluerekascht huet de Colonel Wagner de SREL gefrot, ze kucken op Wanzen a sengem Bureau wieren, hien huet och gebieden sei Bureau ze botzen. A wat ass geschitt? Neischt. De SREL ass deeër Demande aus dem Mee eréischt am Dezember 1985 nokomm, 6 Méint oder 11 Attentater méi spéit. De Colonel Wagner war du schonn an der Pensioun, a sengem Bureau souz zanter dem September de Colonel Harpes. Wann dee Bureau also elektronesch mat Wanzen ofgelauschtert ginn ass, dann ass de Colonel Harpes net nëmme privat vum Härebierg aus mä och op der Aarbecht – vu wiem och ëmmer – iwwerwaacht ginn. Forces de l’ordre ënnert sech.

DP

Déi rezent Revelatiounen an der Affaire Bommeleeër op RTL Radio an Tëlee Lëtzebuerg, also d'Ecouten vum Colonel Aloyse Harpes duerch de Geheimdéngscht, stellen d'Roll vun deem Geheimdéngscht an der Enquête iwwert d'Attentater a Fro, mengt d'DP déi dowéinst de President vun der Kontrollkommissioun vum Geheimdéngscht oprifft d'Memberen vun där Kommissioun séier zesummenzeruffen. De Rôle vum Service de Renseigenemt géif wäit iwwert dat erausgoen wat déi parlamentaresch Kontrollkommissioun vum Geheimdéngscht an hirem Rapport am Juli 2008 festgehal hätt. Et géif weder an den Archives, nach an den Temoignagen Riets vu sou Ecoute goen. Donieft géif och de Reproche, datt e fréiere Chef vum Geheimdéngscht virun de Perquisitiounen an de Recherche vum Parlament Dokumenter vum "Bommeleeër-Dossier" zerstéiert hätt géif schwéier weien.

Nei Amenter an der Bommeleeër-Affär
"Wann dat esou war, dann ass et net de Regele no gelaf." Dat ass d’Reaktioun vum fréiere Premier Jacques Santer op d'Oflauschterattack op den A. Harpes.