Bommeleeër: Privatemployé vun Arméi fir Geheimdéngscht aktiv

D'Spionage-Aktvitéiten an der Arméi haten an de spéiden 80er Joer, an de Bommeleeër-Joer, méi eng grouss Envergure wéi bis ewell ugeholl.
Viru 14 Deeg hate mer e Reportage bruecht, datt de Gendarmerie-Colonel Harpes an der Bommeleeër-Affair vum Härebierg aus, ofgelauschtert ginn ass.
E Mann vun der Agence nationale de la sécurité (ANS) hätt dat bestallt an e privaten Employé vun der Arméi hätt et exekutéiert. Entretemps si méi Detailer iwwer déi Operatioun an hier Envergure erauskomm.
An déi Detailer betreffe genee déi Froen, déi ee sech jo direkt an dëser Saach gestallt huet. Ugefaang mam Accès vun de Spiounen – wéi soll een se soss nennen? – op den Härebierg.
Aus beschter Quell si mer gewuer ginn, datt den zivilen Employé einfach mat hinnen an d’Kasär eragefuer ass, oder net ëmmer, heiansdo hat hien d’Spiounen och hannen an der Mall leien. A fir erëm erauszefueren huet hien opgepasst, datt vill Trafic war – Offizéier an Ënneroffizéier, déi vum Härebierg fortgefuer sinn, an dann ass hien an der foulée mat erausgefuer.

Den Accès an de Pavillon 1, wou ofgelauschtert ginn ass, war einfach. De Privatemployé hat en Universalschlëssel derfir. Technesch hunn déi zwee ageschmuggelt Techniker e professionellt Tounband mat zwee Kassettendecker an engem Schaf installéiert. Et ware Kassetten, wéi se déi Zäit net um Marché waren.
De Charel Hoffmann, de fréiere Chef vum SREL, hat jo an engem oppene Bréif wéint dëser Oflauschter-Affair kritesch verschidde Froe gestallt, z.Bsp. dës, ob net en Techniker vun der Post hätt misse matschaffe bei dëser Operatioun. A bee, eisen Informatioune no wier genee dat de Fall gewiescht: vum Härebierg aus hunn déi zwee Techniker Kontakt opgeholl mat engem Mann, dee wahrscheinlech an der Post zu Dikrech souz.
Iwwregens ass net nëmmen de Gendarmerie-Colonel Harpes ofgelauschtert ginn, mä och de Büro vum Arméi-Kommandant, de Konferenz-Sall an e Caffis-Zëmmer wieren ofgelauschtert ginn. D’Ecouten op de Colonel Harpes hu bis Ufank 1987 gedauert; mä och soss war de Mann vun der ANS dacks genuch um Härebierg ënnerwee: hie wier zweemol am Mount owes an der Kasär gewiescht an hätt d’Büroe vun den Offizéier duerchsicht an huet dem Privatemployé Dokumenter ginn, déi deen ze kopéieren hat. An dat ass iwwer d’Bomme-Joer eraus bis an d’Joer 1991 gaang an och duerno huet de Mann nach Dokumenter fir de SREL transportéiert, och am Ausland, bis 1998.
De Privatemployé gouf iwwregens schlecht bezuelt fir seng Aktivitéiten. 20 000 Frang de Mount sollt hien vum SREL kréien, dat Geld gouf et awer nëmmen zweemol an duerno näischt méi. Roserei dowéinst bei him – mä wéi hien eng Kéier méi geharnischt no sengem Geld gefrot huet, krut hie vum Lieutenant-Colonel Brück gesot, hie sollt dat gratis fir säi Land man. Als Patriot – wat och ëmmer dat am Kaméidi vu Bommenexplosiounen heescht.