Nei Froen an engem alen Dossier: Gouf et clandestine Geheimdéngscht-Activitéiten am Land an den 80er-Joer? Si Leit vum SREL aus dem Rudder gelaf?

Dat si Froen, déi ee sech stelle muss, zanter bekannt ass, datt de Gendarmerie-Colonel Aloyse Harpes 1985 ënner Écoute stoung.

Mä dat gëtt jo elo alles opgeschafft ...

Op der Lescht vun den Zeien, déi am Bommeleeër-Prozess d’nächst Joer solle gehéiert ginn, sti 60 Zeien a vun deene net manner wéi 11, bei deenen als qualité, dat heescht als Beruf, SREL [Service de renseignement de l'État luxembourgeois] steet. Ënnert hinnen och de Mann, deen als Privatemployé bei der Arméi Leit vum SREL a vun der ANS [Agence nationale de sécurité] d’Dieren um Härebierg opgemat huet, fir datt déi do de Gendarmerie-Colonel Harpes oflauschtere konnten. Hien huet déi Leit och op den Härebierg geschmuggelt, um Beifahrersëtz vu sengem Auto oder carrément hannen an der Mall wéi am Film. E Mann vun der Post hätt de Spioune bei den Ecoute gehollef.

De fréiere Chef vum Geheimdéngscht, de Charel Hoffmann, huet jo an engem kriteschen oppene Bréif un d'Press geschriwwen, esou eng Actioun wier peu probable. De Charel Hoffmann schreift awer och: il ne reste donc que l’éventualité d’une action clandestine, non autorisée. Dat ass en interessante Saz, well en heescht éischtens, wann et esou eppes gouf, da sinn ech net responsabel, an zweetens deit en natierlech drop hin, datt et esou clandestine Activitéite gouf, am SREL, ronderëm de SREL, an der ANS, wou och ëmmer an deem Geheimdéngscht-Milieu ... dee guer net esou eng geschlosse Gesellschaft war, wéi een unhuele kéint.

Well all déi Forces de l’ordre waren déizeit zesumme beim Militär, ier se Polizist, Gendarm, Ënneroffizéier oder eben eppes beim SREL gi sinn. Jiddereen huet also jidderee kannt. An d'Servicer hunn zesumme geschafft. Wat derzou gefouert huet, datt Gendarmen a Polizisten sech dacks eng Extra-Pei verdéngt hunn mat klenge Servicer fir d'Kollege vum SREL ...

... mat un der Spëtzt engem interessante Mann: dem verstuerwene Jos Steil, dem zweete Mann aus der Brigade mobile, dréngend verdächteg, ee vun de Bommeleeër gewiescht ze sinn. De Jos Steil hat – neutral gesot – e ganz opwändege Liewens-Stil a wann e gefrot ginn ass, wou hien d’Geld duerfir hier hätt, huet hien – dat bezeien zeg Leit – gesot: "De SREL bezillt gutt."

Och Leit vum SREL selwer bezeien, datt de Jos Steil mam SREL zesummegeschafft huet. Dat goung och bal net anescht, well de Steil fir d’ protection rapprochée vum Poopst, vum spuenesche Kinnek, vu Grand-Ducs zu Cabasson an och vun NATO-Offizéier zoustänneg war. Ouni Geheimdéngschtkontakter konnt do bei Visiten näischt goen. Et gëtt esouguer fréier SREL-Leit déi soen, de SREL wier vu Leit aus der Sûreté publique ënnerwandert gewierscht.

Mä et ass nach d'Fro, wien do wien ënnerwandert huet. An et ass och d’Fro, ob et net fir clandestine Actioune parallel Geheimdéngschter gouf. Um Terrain ass sech op jiddwer Fall net getraut ginn, se hunn sech géigeseiteg ausspionéiert  a se hunn och cooperéiert. E groussen Duercherneen.

An iwwer allem d’Fro: Wien hat den ieweschte Kommando?

Well iergenden Zweck muss et jo hunn, wann zum Beispill de Gendarmerie-Colonel ausspionéiert gëtt.

Oder wa Bommen explodéieren.

Geheimdéngschtleit a Poliziste mussen d’nächst Joer um Geriicht aussoen. Et geet drëms, wien deemols wéi eng Roll an der Bommeleeër-Geschicht hat. Si mussen dann ënner Eed aussoen a wann se - haut - bei Onwouerechten erwëscht ginn, gräift dat neit Gesetz iwwer entraves à la justice.

Wéi een héiert, mécht dat vill Leit schonn nervös.

Affär Bommeleeër
D'Spionage-Aktvitéiten an der Arméi haten an de spéiden 80er Joer, an de Bommeleeër-Joer, méi eng grouss Envergure wéi bis ewell ugeholl.