Um Dënschdeg ass d’Geheimdéngschtkontrollkommissioun vun der Chamber beim Geheimdéngscht, beim SREL.

Et gëtt e chargéierten Ordre du jour: wéint der Affär Bommeleeër steet de Reseau stay behind  um Programm, mee och déi intern Problemer vum Service an och d’Ecouten, déi deemools gemaach goufen. An deem Kontext gëtt jo vum fréieren Chef d’opération vum SREL gesot, hien hätt de Bommeleeër-Dossier vum SREL geschreddert.

Dee Mann wiert sech elo mat engem Bréif géint déi Behaaptung.

An et ass – wéi esou villes an dësem Fall – e schwéier geheime Bréif. Well en ass un de Premier Jean-Claude Juncker  adresséiert an en ass un d’Geheimdéngschtkontrollkommissioun vun der Chamber gaang. An déi Kommissioun ass eng Zort Beichtstull: do däerf eppes eragoen, mee et däerf näischt erauskommen, d’Paschtouer – also d’Deputéiert – si mat hirem Wësse gefaang an deen, dee beichte komm ass, deen ass vill méi fräi wéi d’Paschtéier.

Mee wéi dat esou ass, de Bréif vum fréiere Chef d’opération vum SREL ass duerch vill Hänn gaang an et gëtt driwwer geschwat.

De fréiere Geheimdéngschtler an haut Chef vum Sécherheetsdéngscht Sandstone, héiert een, wiert sech dergéint, datt seng Persoun an de Public gezu gëtt a freet sech op net eng Intrigue géint hien am Gaang wier.

Et gëtt him jo nogesot, hien hätt de Bommeleeër-Dossier vum Geheimdéngscht zerstéiert. Do ass dem fréiere Geheimdéngschtler seng Positioun interessant: de Geheimdéngscht wier keen Dokumenten-Depot fir aner Administratiounen a wier och net de Wiechter vu Schrëftstécker. Do leeft also e Sous-entendu mat, deen hei: esouguer wann hien Dokumenter gehat hätt, hätt hien net bräichten gutt drop opzepassen oder se der Justiz weiderzeginn.

En interessante Point-de-vue.

De fréiere SREL-Beamten, héiert een, mécht da nach de Regierungs-Chef drop opmierksam, fréier Beamte misste geschützt ginn a misste gehollef kréien, wa se wéint hirer fréierer Fonctioun Problemer géife kréien.

Hien hätt awer näischt gestiicht, schreift de Mann, zitéiere Lieser aus deem Bréif, an da kéim de Clou: op de Staatsminister giff zolitten Drock gemat ginn... de Staatsminister misst aktiv ginn, well soss giff hien, den Ex-SREL-Beamten, sech un déi international Press adresséieren, well d’Affär – also d’Bommeleeër-Affär – wier jo elo rätselhaft ginn. Aussergewéinlech an national wier se jo esouwisou.

Do kann ee jo wierklech net widderspriechen.

Mee et freet ee sech schonn, wat de fréieren Chef d’opération vum SREL der internationaler Press iwwer déi Affär erzielen wëll,  wann de Premier net kuscht.

AUDIO: De Roy Grotz hat de Claude Meisch am Interview
Oflauschteraktioun: Penal Suite fir de Marco Mille méiglech
D’Oflauschteraktioun vum Marco Mille op de Regierungs-Chef Jean-Claude Juncker kann penal Suite kréien fir de Marco Mille.