An an deem Sënn huet de Gaston Vogel e Bréif un de Procureur geschriwwen, fir datt d'Enquête do nach eng Kéier relancéiert gëtt.

An der Saach geet ëm d'Nuecht virum Attentat um Findel, wou de sougenannten RTL-Zeien e verdächtege Mann gesinn hat a spéider eben de Prënz Jean genannt huet. Deen ass gehéiert ginn vun den Enquêteuren an hat en Alibi op enger Juegd am Loir-et-Cher am Frankräich. De Maître Vogel gesäit bei deem Alibi awer vill onkloer Punkten. Conclusioun: Hie seet net, datt et de Prënz Jean war, mee datt am Dossier 2 uerdentlech Lëtzebuerger dat soen. An op der anerer Säit géing een Alibi stoen, deen net lupenrein wier.

AUDIO: De Gaston Vogel iwwer den Alibi vum Prënz
RTL

De Maître Vogel a seng Kollegin Lydie Lorang kritiséieren och, datt den RTL-Zeien an en aneren Zeie vum Findel net fir voll geholl gi wieren. Op nevralgesche Punkten wieren d'Zeien an hir Aussoen net uerdentlech behandelt ginn.

RTL

De Gaston Vogel an d'Lydie Lorang maachen also eescht; fir d'Defense vun hiren Clienten, déi ugeklote fréier Gendarmen, gi si an di wonn Punkte wullen.

AUDIO: Alibi vum Prënz vum Nico Graf
Affaire Bommenleeër:Alibi vum Prenz a Fro gestallt!
Affaire Bommenleeër:Alibi vum Prenz a Fro gestallt!