Grand-Duc a Premier: Gespréich iwwer Bommeleeër opgezeechent

E Gespréich iwwer d'Affaire Bommeleeër tëschent dem Grand-Duc Henri an dem Premier Jean-Claude Juncker wier heemlech enregistréiert ginn. A Geheimdéngschtkreesser zirkuléiert eng chiffréiert Disquette iwwer dat Gespréich. An dat ass den Hannergrond vun der Oflauschter-Affaire wéint deeër de Marco Mille huet missen de Geheimdéngscht verloossen.
E Gespréich iwwer d'Affaire Bommeleeër tëschent dem Grand-Duc Henri an dem Premier Jean-Claude Juncker wier heemlech enregistréiert ginn.
An dat ass den Hannergrond vun der Oflauschter-Affaire, wéint där de Marco Mille huet missen de Geheimdéngscht verloossen.
De Marco Mille hat also am Fréijoer 2008 e Gespréich vu sech selwer mam Premier Juncker opgeholl. Firwat - dat war jo d’Fro, déi jiddweree sech gestallt huet.
Hei ass d’Äntwert. An zwar mat der Virgeschicht:
Am November 2005 hu mer am Radio an op der Tëlee en Zeie presentéiert, dee gesot huet, hien hätt an der Nuecht virum Attentat um Findel de Prënz Jean gesinn. De Premier Juncker krut déi Informatioun vum Zeie selwer.
Et gouf deemno Gespréichsbedarf tëschent dem Premier an dem Grand-Duc Henri. Esou Gespréicher gouf et och. An eent, heescht et, ass enregistréiert ginn, ass heemlech opgehol ginn, am Palais. Zanterhier zirculéiert a Geheimdéngschtkreesser eng ominös Disquette, do wier d'Gespréich tëschent Grand-Duc a Premier drop. Mä déi Disquette, déi wier esou staark kryptéiert, chiffréiert, codéiert, datt kee Mensch se opgemat kritt. De Chef vum Geheimdéngscht, de Marco Mille, gëtt dat alles gewuer a wëll dem Premier dat rapportéieren. Dat éischt Gespréich geet awer total schief, déi zwee versti sech net. D’Saach ass dem Marco Mille awer esou wichteg, datt hien nach eng Kéier d'Gespréich mam Premier sicht an dobäi enregistréiert hien d'Gespréich mat senger Spionage-Armbandauer.
Eenzel Leit am Geheimdéngscht kréien dat mat a verroden et dem Premier. Am fréie Summer, kuerz virun de Wahlen, seet de Premier dat der Geheimdéngschtkontrollkommissioun.
Am Dezember 2009 gëtt bekannt, datt de Marco Mille bei Siemens geet – d'Vertrauensverhältnis tëschent him an dem Premier ass futti – an am selwechten Dezember geet de Premier an d'Geheimdéngschtkontrollkommissioun an informéiert d'Deputéiert. Et gëtt e Protokoll geschriwwen. An deem Protokoll steet dran, dat ursprénglecht Gespréich tëschent dem Grand-Duc an dem Premier wier brisant gewiescht. De franséische Protokoll, wou dat dra steet, dee war net signéiert ginn. Elo sollen all d'Deputéiert, déi derbäi waren, dee Pabeier signéieren.
An da geet en un de Procureur.
An der Geheimdéngschtkontrollkommissioun ass dee Protkoll vrun 2 Deeg, um Mëttwoch, 21. November, presentéiert ginn an et explizéiert, firwat déi eenzel Deputéiert herno ausgesinn hunn, wéi wann een se widdert de Kapp geschloen hätt.
Verständlech: Et héiert ee jo net all Dag, datt de Premier an de Grand-Duc ofgelauschtert gi sinn an datt d'Land wackele soll wéint engem Gespréich tëschent Staatschef a Staatsminister.
Déi kryptéiert Disquette - op där d'Gespréich tëschent Grand-Duc a Premier drop ass - déi Disquette waart ëmmer nach drop, entschlësselt ze ginn.
Wien iwwregens soll ordonnéiert hunn, datt Grand-Duc a Premier ofgelauschtert ginn, dat ass eng vun de ville Froen, op déi et nach keng Äntwert gëtt ...