No den RTL-Revelatiounen iwwert d'Oflauschteraktioune vum Geheimdéngscht fuerdert d'Piratepartei eng ëffentlech, parlamentaresch Enquêtekommissioun.

E Geheimdéngscht, deen an enger Demokratie iwwert dem Gesetz steet, wär inacceptabel. D'Detailer iwwert de SREL, déi elo no an no erauskommen, giffen déi jorelaang Inkompetenz vun den CSV-geféierte Regierunge weisen, mengt de President vun de Piraten, de Sven Clement.

De SREL hätt sech net eréischt mat der Bommeleeër- a Juncker-Affaire blaméiert, mä och schonn am Kader vu Wikileaks, wou ouni gesetzlech Kontrolle spionéiert gi wär, gëtt d'Piratepartei ze bedenken.

Elo misst alles, wat schif gelaf ass, an enger Enquêtekommissioun opgekläert ginn. De Jean-Claude Juncker misst sech och froen, ob hien nach weider de politesch Responsabele vum SREL bleiwe kéint. Schliisslech hätt hien de Geheimdéngscht net ënner Kontroll, well e wär schonn op d'mannst zweemol selwer iwwerwaacht ginn.

D'Piratepartei stellt och prinzipiell d'Fro, ob een e Geheimdéngscht iwwerhaapt mat Hëllef vun enger parlamentarescher Kommissioun kéint iwwerwaachen.