Bomm: Chamberkommissioun wëll Premier, Vogel wëll Prënzen

D'Geheimdéngschtkontrollkommissioun wëll de Premier ruffe wéinst den Ecouten am Palais an de Me Vogel rifft Jean Nassau a säi Brudder Guillaume als Zeien.
Am Dossier Bommeleeër sinn zwou Citations à témoins erausgaangen. An zwar vum Maître Vogel un de Jean Nassau a säi Brudder Guillaume, fir am Prozess am Februar als Zeien aus ze soen.
D'Geheimdéngschtkontrollkommissioun huet sech iwwerdeems um Dënschdeg de Moien nach eng Kéier mat de Revelatioune vun RTL befaasst.
RTL hat jo e Freideg gemellt, dass ee Gespréich tëscht dem Premier Jean-Claude Juncker an dem Grand-Duc Henri iwwert d'Bommeleeër-Affaire opgeholl gouf, et gëtt eng kriptéiert Diskett vun deem Gespréich. Et ass ëm den Zeie gaang, deen de Prënz Jean an der Nuecht virum Attentat um Findel soll gesinn hunn.
De fréiere Chef vum Geheimdéngscht huet de Premier doriwwer informéiert an dat Gespréich mat enger spezieller Auer opgeholl. De Premier gouf dat awer gewuer a kuerz drop ass de Marco Mille als Sécherheetschef bei Siemens gewiesselt.

An dëser Affaire ass der Geheimdéngschtkontrollkommissioun vun der Chamber elo de Kolli geplatzt.
Déi 4 Fraktiounspresidenten, déi do dra sëtzen, sinn es sat, keng Informatiounen ze kréien oder Informatiounen nolafen ze mussen.
D'Chamberkommissioun wëll elo de Staatsminister Juncker an dëser Affaire héieren an och vum Geheimdéngscht selwer méi Erklärungen iwwert déi zwee Virgäng kréien.
Och de Parquet intresséiert sech fir déi ganz Saach an d'Geheimdéngschtkontrollkommissioun huet um Dënschdeg de Moien decidéiert, der Justiz och verschidden Extraiten aus Rapporten zoukommen ze loossen.
D'Kommissioun freet dann nach, dass d'Gesetzgebung iwwert de Geheimdéngscht elo séier iwwerschafft gëtt, ënnert anerem och fir d'Zesummenaarbecht SREL-Chamber ze verbesseren an zum Beispill de Geheimdéngscht ze strofen, wann en der Kommissioun wichteg Informatioune virenthält.
D'Membere vun der Kommissioun sinn och iwwerrascht iwwert dem Marco Mille seng Declaratioun an der auslännescher Press, datt d'Kommissioun déi Affaire ouni Suitë fir hie klasséiert hätt.
Dee Poste vum Mille bei Siemens wier also net a Fro gestallt. Dat geet aus engem Spiegel-Artikel vir, mam Titel "Sicherheitschef im Zwielicht". De Marco Mille hätt de Konzern informéiert, datt sech d'Kontrollkommissioun mam Thema befaasst hätt, an de Virgank ouni Konsequenze fir seng Persoun ofgeschloss hätt.
Dat wier esou net richteg, esou de François Bausch, d'Kommissioun géif net mat sech spille loossen.
Antëscht streckt och d'ADR de Fanger aus. Och si wëll an där Chamberkommissioun vertruede sinn. Et wier net akzeptabel, dass engem Deel vun den Deputéiert wichteg Informatioune virenthale ginn.
D'Geheimdéngschtkontrollkommissioun buert och weider. Um Mëttwoch de Mëtteg um 14.00 Auer kënnt déi parlamentaresch Kontrollkommissioun vum Geheimdéngscht an de Raimlechkeeten vum SREL nach emol beieneen.
