Eraus koum, dass déi ominéis Disquette a Wierklechkeet eng CD ass, op där wuel Daten drop sinn, mä se konnt nach net entschlësselt ginn.

Ëm déi ominéis Diskette, op där e Gespréich tëscht dem Premier Jean-Claude Juncker an dem Grand-Duc Henri soll sinn, goung et also e Mëttwoch an der 3. Sëtzung vun der Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun vun der Chamber bannent nëmmen enger Woch.

Där hir Membere wëlle jo Kloerheet iwwert d’Ecoutë vum Staatsminister. Abee, e Mëttwoch kruten d’Leit vun där parlamentarescher Kommissioun zwar déi gutt Nouvelle, dass de Service de Renseignement déi Diskette huet, déi en Fait eng CD ass.

Vill ufänke mat där CD konnten d’Membere vun der Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun vun der Chamber awer nach net, well d’Donnéeën, déi drop sinn, verschlësselt sinn, wéi de President François Bausch no der Reunioun vun iwwer zwou an enger hallwer Stonn sot.

RTL

Mat grousser Wahrscheinlechkeet kéint awer ausgeschloss ginn, dass Toundaten op der CD sinn, sou de gréngen Deputéierten, fir deen zwou Méiglechkeete bestinn: Entweder handelt et sech ëm eng gefälschten CD oder wierklech en Encryptage.

E Problem ass awer de Fait, dass déi 3 Leit, déi mat där CD ze dinn haten, haut net méi fir de Geheimdéngscht schaffen; dofir soll den Decryptage vun där CD am Ausland gemaach ginn. Et läit och wuelverstane just eng Kopie vun der CD vir - déi sech iwwregens en Techniker ugeluecht hat, deen dorop geschafft huet an dat elo erëm mécht -, an net d’Original, vun deem net gewosst ass, wou et drun ass.

Wat den Ursprong vun der CD ugeet, war et dës Ausso vum François Bausch: "Déi CD ass vu Baussen an de Service erabruecht ginn, dat heescht et ass net de Service selwer deen eng Operatioun gemaach huet an eppes opgeholl huet."

Stellt sech um Enn eraus, dass si vläicht fir ofzelenke geduecht war? D’Zukunft muss dat weisen.

De Parquet fir säin Deel kritt eng Kopie vun der CD a vum Procès-verbal vun der Sëtzung vun e Mëttwoch, dat am Kontext vun eventuelle strofrechtleche Poursuitten.

De Premier Jean-Claude Juncker dann huet e Freiden de Mëtte Rendez-vous mat der Kommissioun: Dobäi soll iwwert d’Gespréicher tëscht dem Staatsminister an dem fréiere Geheimdéngscht Marco Mille Rieds goen, déi deen op- an dono och matgeholl huet.

AUDIO: Kontrollkommissioun Geheimdingscht - vum Eric Ewald (28.11.)
SREL-Kontrollcomm: Ominéis Disquette a Wierklechkeet eng CD
Déi ominéis Disquette ass a Wierklechkeet eng CD, op där wuel Daten drop sinn, mä se konnt nach net entschlësselt ginn.