D’Land publizéiert eng Ofschrëft vum Gespréich tëschent dem fréiere Geheimdéngschtchef Marco Mille an dem Premier.

D’Zeitung Lëtzebuerger Land confirméiert um Freideg op hier Manéier a mat neien Informatiounen all dat wat mir Iech op RTL an de leschten Deeg gesot haten iwwer d’Lauschter-Attacken op de Premier Jean-Claude Juncker an op de Grand-Duc Henri. De Staatsminister gëtt jo um Freideg an där Saach vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun gehéiert.

D’Land publizéiert um Freideg eng Ofschrëft vum Gespréich tëschent dem fréiere Geheimdéngschtchef Marco Mille an dem Premier. Et ass offensichtlech dat Gespréich, wat de Marco Mille heemlech mat enger Spionage-Auer opgeholl hat. Wéint deem Enregistrement huet hie jo de SREL misse verloossen.

An deem Gespréich geet vill riets iwwer déi faméis cryptéiert Datei vun engem Gespréich tëschent dem Premier an dem Grand-Duc. Wie genee mat där Datei a Verbindung steet – dat sinn zwee fréier SREL-Beamten an en Ingenieur, dee fräi fir de SREL geschafft hätt. Dee wier als Dechiffréier-Spezialist am Zentrum vun der Affär.

Leit vum Geheimdéngscht an och der Police hätte sech an den 1980 Joeren Wanze bei engem gewëssen M. besuergt, erzielt de Marco Mille. Alles dat wieren awer Rumeuren, genee wéi déi, datt de fréiere Chef vum Geheimdéngscht Charel Hoffmann mat sou Wanzen ofgelauschtert gouf. An de Marco Mille weist de Premier drop hin, datt hien och a sengem eegenen Haus net nëmme Frënn hätt.

Wat de Volet Cour grand-ducale ubelaangt, ass besonnesch interessant, datt de Marco Mille de Premier driwwer informéiert, den Haff hätt ganz enk Verbindunge mam britesche Geheimdéngscht an den Haff wéilt sech selwer d’Méiglechkeet ginn, d’Telefon-Gespréicher ze interpretéieren, also eng geheimdéngschtlech Aktivitéit um Haff.

De Jean-Claude erkläert sengersäits hie géif mam Grand-Duc kaum eppes schwätze wat schiedlech wier, fir en net nervös ze maachen. Allgemeng hätt hien an der Bommeleeër-Affaire mat kengem dramatesch Gespréicher gefouert. A kengem Gespréich hätt hien Unhaltspunkter kritt, ausser mam Marco Mille selwer iwwert de Stay-Behind Reseau, World Anti-Communist League a Gladio.

Wat de Geheimdéngscht ubelaangt, seet de Marco Mille, hien hätt als neie Chef quasi eng black box iwwerholl, ouni dokumentéiert Memoire.

D’Justiz denkt iwwregens op héchstem Niveau iwwer dës Affär no. En Donneschdeg op der Installatioun vum neien President vun der Cour supérieure de justice huet de procureur général Robert Biever a senger Ried haart nogeduecht, kritesch nogeduecht iwwer de Rechts-Staat, dee sech u seng éige Regele net hält an iwwer Leit am Geheimen, déi sech net u Recht  a Gesetz halen. Brennend aktuell Froen, nennt de Robert Biever dat.