Juristesch Konsequenzen an der Ecouten-Affaire

RTL Informatiounen no leeft schonn eng Enquête préliminaire wéint den illegale Lauschter-Attacken.
D’Wochenzeitung Lëtzebuerger Land huet um Freideg also Extraiten aus dem Gespréich publizéiert, dat e Geheimdéngscht-Chef Marco Mille mam Premier Jean-Claude Juncker gefouert an heemlech mat enger Spionage-Auer opgeholl hat.
Ganz opmierksam gelies huet dat de Nico Graf....
Eng éischt Impressioun: d’Gespréich tëschent dem Premier a sengem fréiere Geheimdéngscht-Chef dat wierkt, wéi wann der do Zwee giffe fir d’Galerie schwätzen. Beim Marco Mille ass dat evident, hie wosst, datt sech nom ofgelauschterte Gespréich nach aner Leit giffe mat dem Enregistrement beschäftegen.
Beim Premier stellt ee sech Froen: entweder hien huet sengem SREL-Chef net méi getraut oder awer – kenge Gedanken – hien hat dem Marco Mille eng Fal gestallt a wosst genee, datt hie mat enger Spionage-Auer géif ofgelauschtert ginn. Well de Premier seet net nëmmen ultra-richteg Saachen, net afechtbar, a sengem Sënn korrekt, penal a politesch kaum ze hannerfroen. Oder awer – nach méi opfälleg – e reagéiert bal guer net: Gefillte 90% Wortbesitz fir de Marco Mille, fir et am Football-Jargon ze soen.
Wat de Marco Mille awer seet – Nolauschterer matbeduecht, wuelgemierkt – ass knätscheg genuch. Hien hält näischt vun der BL-Enquête-Equipe; hie wëll evidenterweis de Premier iwwer d’Bommeleeër aushorchen.
An dann: De Grand-Duc, de Palais, hätt ganz enk Relatioune mam britesche Geheimdéngscht. D’Prënzen hätten hir ganz Formatioun an England gemat, an esou wier dat ze explizéieren. Mä et geet och Rieds vun techneschem Geheimdéngschtmaterial, dat de Palais sech iwwer dee Wee besuerge wëll. An zwar fir Telefon-Appeller ze interceptéieren, déi erakéimen. D’Englänner wieren doranner staark, hätten dat a Jugoslawien bewisen. Beim Chiffréiere giff do e System mam Numm Kryptovox benotzt ginn. A Kryptovox ass net zoufälleg genee dee System, deen, eisen Informatioune no benotzt ginn ass fir dat ominéist Gespréich tëschent dem Grand-Duc an dem Premier ze verschlësselen a wat elo soll decryptéiert ginn.
A wat de Point de Depart ass vun dëser ganzer Saach. Well de Marco Mille huet de Premier jo nëmmen opgeholl, well hie mat him iwwer déi Opnahm schwätze wollt. Do kënnt iwwregens näischt eraus. De Premier seet, hien hätt ni mat kengem (Zitat) extrem spannend Gespréicher iwwer d’Bommeleeër gefouert. Dat ass eng vun de Plazen, wou ee sech seet, de Premier schwätzt fir vill Nolauschterer a net nëmme fir een.
Erstaunlech offe gëtt an deem Gespréich driwwer geschwat wie Problemer mat wiem huet.
De Grand-Duc mam Premier, Parteikollegen mam Premier an dee Premier hätt och nach net nëmme Frënn am Staatsministère - an ëmmer erëm drun denken: de SREL-Chef ass grad am gaang d’Vertraue vu sengem Chef ze mëssbrauchen an en heemlech opzehuelen. An esou ganz niewebäi gëtt een aner horrend Saache gewuer: dem fréiere SREL-Chef Hoffmann war am eegene Service net getraut ginn an dee Service huet dem ganze Land net getraut: Studenten, Kommunisten, Déi Gréng all ënner Kontroll. Déi Gréng vun haut sinn doriwwer entsat. Sot eis d’Parteipresidentin Sam Tanson.
Juristesch Konsequenzen huet dës Ecouten-Affaire haut schonn. Eisen Informatiounen no leeft schonn eng Enquête préliminaire wéint den illegale Lauschter-Attacken. Déi 3 direkt concernéiert fréier Beamte vum SREL gi gehéiert, de Premier an och all aktuell oder fréier Membere vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun.
Hire President, de Grénge Francois Bausch, wëll elo eng parlamentaresch Enquête-Kommissioun fuerderen.