Causa SREL: Premier gëtt en Donneschdeg eng Pressekonferenz

Disfonctionnement beim Geheimdéngscht, seet d’Kontrollkommissioun. Pressekonferenz en Donneschdeg, seet de Premier. Dat sinn zwou Aussoen aus der Sëtzung vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun, déi e Freideg de Premier Jean-Claude Juncker héieren huet iwwer d’Lauschterattack vu sengem fréiere Geheim-chef Marco Mille. / © AFP (Archivbild)
Dat sot de Premier no enger Sëtzung vun der Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun vun der Chamber um Freidegnomëtteg, aus där hie méi fréi erausgaangen ass.
An d'Sëtzung vun der parlamentarescher Geheimdéngscht-Kommissioun war e Freideg - am Kader vum Oflauschtere vu Gespréicher tëscht dem Chef vum Geheimdéngscht an dem Jean-Claude Juncker - de Staatsminister selwer convoquéiert.
Duerno ass de Premier virun de Journalisten awer net op de Fong vun deem agaangen, wat hien den Deputéierte sot, dat wëll hien den nächsten Donneschdeg an enger Pressekonferenz maachen.
Op d'Fro, firwat keng disziplinaresch Mesuren oder eng Suspensioun géint de Marco Mille ergraff goufen, sot de Staatsminister, datt dat negativ Inzidenzen op d'Kontakter mat anere Geheimdéngschter gehat hätt.
Op alle Fall wier et keng Trennung à l'amiable mam Här Mille gewiescht, an deen de Premier all Vertraue verluer gehat hätt.
De Premier weess dann och net, ob et elo penal Suitten an der Affaire Mille ginn, mä op alle Fall géif keng Pleinte vun him selwer virleien.
De Staatsministère preziséiert dann och um fréie Freidegowend:
Le Premier ministre Jean-Claude Juncker informera la presse sur l’actualité politique, économique et financière le jeudi 6 décembre 2012 à 13 h 00 au ministère d’État.
Nodeems de Premier also éischter net op de Fong vun de Gespréicher agaangen ass, krut de President vun der parl. Geheimdéngscht-Kommissioun eng Partie méi Froe gestallt.
Fir de François Bausch vun Deene Grénge misst alles opgeschafft ginn, wat am Service vum SREL geschitt ass.
Et geet op de Wee vun enger Chamber-Enquete-Komissioun, deen den Historique vum Geheimdéngscht iwwert déi lescht Joeren opschafft. Ganz vill Leit mussen duerfir gehéiert ginn.
D'Ophuele vu vertrauleche Gespréicher, wéi dat tëscht Premier a Marco Mille, oder och dat systematescht Oflauschtere vun Parteien – all dat revoltéiert de François Bausch, deen kee Vertrauen huet, wat tëscht 2005 an 2008 an der parl. Geheimdéngschtkommissioun geschitt ass.
D'Deputéiert hunn dann och carrèment d'Impressioun, datt se déi lescht Joren vun der fréierer Geheimdéngscht-Direktioun bewosst iergefouert gi wieren.