Um Samschdeg koum de Communiqué vum Haff, datt si formell d'Informatiounen dementéieren rondrëm d'Relatioune mam britesche Geheimdéngscht.

D'Land hat jo um Freideg eng Ofschrëft vum Gespréich tëschent dem fréiere Geheimdéngschtchef Marco Mille an dem Premier Jean-Claude Juncker public gemaach. De Marco Mille soll an dem Gespréich gesot hunn, den Haff hätt ganz enk Verbindunge mam britesche Geheimdéngscht a wéilt sech selwer d'Méiglechkeet ginn d'Telefon-Gespréicher ze interpretéieren.

De Communiqué vum Marechalat de la Cour:

La Cour grand-ducale dément de la façon la plus formelle les informations parues dans les médias concernant les relations qu’elle aurait entretenues avec les services secrets britanniques.