SREL-Kommissioun: Robert Biever geruff, Enregistrement kritt

Um Dënschdeg ëm 8 Auer ass eng Entrevue mam Procureur général d'Etat. D'Kommissioun krut och den Enregistrement vum Gespréich Juncker-Mille vum "Land".
An der Sëtzung vun der Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun dierft natierlech ëm déi rezent Enthüllungen a Saache Geheimdéngscht a Bommeleeër goen ...
D'"Commission de Contrôle parlementaire du Service de Renseignement de l'Etat" kënnt am Sall 1 vun der Maison Printz et Richard zesummen.
An där Kommissioun sinn d'Franktiounspresidente vertrueden: François Bausch (President), Lucien Lux, Claude Meisch a Marc Spautz.
Um fréie Méindegmëtteg léisst d'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land da wëssen, datt si der Kontrollkommissioun en Enregistrement vum Gespréich Jean-Claude Juncker - Marco Mille zoukomme gelooss hunn. D'Land erkläert dee Schrëtt esou:
Après la publication du verbatim d’une conversation entre le Premier Ministre et le directeur du Service de renseignement de l’État de l’époque dans le Lëtzebuerger Land du 30 novembre 2012, le président de la Commission de contrôle parlementaire du Service de renseignement de l’État a prié le Land de lui faire parvenir cet enregistrement. Par respect pour les institutions démocratiques et pour ne pas entraver la recherche de la vérité, le Lëtzebuerger Land a donné suite à cette demande et fourni une copie de l’enregistrement, dont le contenu est déjà, grâce au Land, dans le domaine public.