D'Geschicht vun den Ecouten an de geheimen Dateien am Staatsministère geet weider: en Elektronik-Spezialist gouf vum Geheimdéngscht ofgelauschtert.

An déi, di ofgelauschtert an opgeholl hunn, déi hu sech Suerge gemat, op dat legal wier, wat se gemat hunn.

Déi Informatioune sinn am Gespréich enthalen, dat de Geheimdéngscht-Chef Marco Mille mam Premier Jean-Claude Juncker gefouert huet.

Den Enregistrement mat der Spionage-Auer ass entretemps duerch esouvill Hänn an Ouere gaang, datt eenzel Passagen, déi net an der Zeitung stoungen och bekannt sinn.

Zum Beispill déi, wou de Marco Mille an de Premier driwwer schwätzen, wéi een Informatiounen aus dem Elektronik-Spezialist M. erauskrut. Zur Erënnerung: dee Spezialist wier jo derfir verantwortlech, datt déi faméis kryptéiert Datei, dat chiffréiert Gespréich tëschent dem Premier an dem Grand-Duc, an de Geheimdéngscht komm ass an de Spezialist gëtt soupconnéiert, méi iwwer den Inhalt vun der Datei ze wëssen.

An de Premier a säi Geheimdéngscht-Chef froe sech intensiv, wat dee Spezialist eigentlech wëlles hätt.

Fir dat erauszekréien gouf dee Spezialist op Ecoute gesat, säin Telefon gëtt ofgelauschtert, ee Weekend laang. De Marco Mille seet dem Premier, hien, de Premier, hätt dat autoriséiert an dee widdersprécht net. Technesch hu se dat esou gemat, datt se en truckéierte Geheimdéngscht-Handy benotzt hunn; mat deem Handy hu se ënner anerem e 40 Minutte laangt Gespréich mam Spezialist gefouert a se hunn hien dobäi opgeholl. Duerno, seet de Marco Mille, hätte se méi gewosst iwwer deem Mann seng Intentiounen, e Sujet, dee net weider verdéift gëtt. Wat de Marco Mille awer par conter verdéift, dat ass d’Fro, wéi d’Aktivitéiten géint den Elektronik-Spezialist explizéiert, vertuscht kéinte ginn. Een Ament seet de Marco Mille wiertlech: „well ech hunn serieux Problemer fir deene Riichter ze erklären, wat hei esou leeft“, hien huet also Problemer senge Kontrollautoritéiten ze explizéieren, datt de SREL ouni Autorisatiounen geheimdéngschtlech Aktivitéiten géint de Spezialist ënnerholl huet, an da lancéiert hie sech an eng komplizéiert erfonnten Explicatioun - Zoufall, eng falsch Telefonsnummer, eng Fehlschaltung, esou deeës -  Explicatiounen, Excusen, déi hien deene Riichter zervéiere wéilt, wann eppes erauskéim.

An e ganzen Zäit schwätzt hien mam Premier Jean-Claude Juncker an déi ganz Zäit erduerch ass hien amgaang sech an de Premier opzehuelen a schwätzt iwwer Ecouten a Filaturen. Eng surrealistesch Inszenéierung.

Déi och déi ganz eescht Froen opwerft. Zum Beispill, déi ob hei géint Gesetzer verstouss ginn ass. An och déi, op d’Aktivitéiten géint de Spezialist M. der Geheimdéngschtkontrollkommissioun rapportéiert gi sinn oder net.