Charel Hoffmann: Attitude vu Mille ass inacceptabel

D'Developpementer ëm dat ofgelauschtert Gespréich tëscht Mille a Juncker bezeechent de laangjärege Chef vum SREL Charel Hoffmann als penibele Virgank.
D'Aart a Weis, wéi sech de Marco Mille vis-à-vis vu Premier an dem Haff beholl hätt, wier inacceptabel gewiescht, sou de Charel Hoffmann haut an engem Interview, dat d'Wort publizéiert.
Weider preziséiert de fréieren SREL-Chef, datt esouwuel de Geheimdéngscht, grad wéi de Reseau Stay Behind näischt mat der Affaire Bommeleeër ze dinn hätt.
D'Existenz vum Lëtzebuerger Stay Behind Grupp gëtt vum Charel Hoffmann confirméiert, d'Memberen hätt hien net kannt.
Dann och nach d'Precisioun, datt ni Persoune wéinst hirer Ideologie oder Partei-Memberschaft observéiert gi wieren, ma et wier sech dem Charel Hoffmann no u Persounen interesséiert ginn, déi an engem enke Lien mat Sowjetblock-Länner gestanen hätten.