Wéi erwaart huet d'Chamber den Dënschdeg de Mëtteg gréng Luucht gi fir eng Enquêtëkommissioun iwwert de Fonctionnement vum Geheimdéngscht.

An de leschten Deeg a Woche sinn dem Auteur vun der Resolutioun, François Bausch, no Disfonctionnementer un d'Liicht komm, déi d'Fro an de Raum stellen, ob d'Reegele vum Rechtsstaat agehal goufen.

D'Resolutioun iwwert d'Enquêtekommissioun ass unanime ugeholl ginn.

Virgeschicht vum Dënschdeg de Moien

D'Resolutioun fir eng parlamentaresch Enquêtëkommissioun am Geheimdéngscht-Skandal ass d'Resultat aus der Entrevue um Dënschdeg de Moien tëschent dem Procureur Général Robert Biever an der parlamentarescher Geheimdéngschtkontrollkommissioun.

Fir d'éischt emol huet d’parlamentaresch Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun d'Toundokument, dat de fréiere SREL-Chef Marco Mille heemlech beim Premier opgeholl hat, ganz ofgelauschtert.

Zweetens hat d'Kommissioun den Dënschdeg d'Entrevue mam Procureur général Robert Biever. De Kommissiounspresident François Bausch sot herno, si hätte konstruktiv Gespréicher mam Robert Biever gehat, fir z'evitéieren, datt d’Enquêtëkommissioun an d’Justiz sech behënnere géifen. An dëser Affär leeft jo op d’mannst eng Enquête préliminaire.

RTL

De François Bausch

AUDIO: Biever a SREL-Kommissioun: Reaktioun Fr. Bausch - 4.12.,12h

Et ka sinn, datt nach eng zweet derbäi kënnt. De François Bausch sot, d’Kommissioun hätt elo Kenntnis vun Ecouten a Filaturen op eng Persoun. Et misst gekuckt ginn, ob duerfir d’Autorisatioune virgeleeën hätten.

Wann net, heescht dat am Kloertext, datt déi Ecouten illegal waren.

An dann huet de François Bausch nach confirméiert, wat RTL um Dënschdeg de Moie gemellt hat: Datt eng Persoun, en Elektronik-Spezialist, heemlech verfollegt an heemlech enregistréiert ginn ass vum SREL, dat ass am Spionage-Auere-Gespréich ze héieren.

Charel Goerens: "kaum z'ëmgoen"

De fréiere President vun der parlamentarescher Geheimdéngschtkontrollkommissioun Charel Goerens hat op ChamberTV gesot, datt d'Iddi vun enger parlamentarescher Enquêtëkommissioun an dësem Ament wuel kaum z'ëmgoen ass. De Charel Goerens ass donieft der Meenung, datt op d'mannst ee Jurist an der Chamberkontrollkommissioun vum Geheimdéngscht sëtze misst. De Modell vun de Fraktiounspresidente misst iwwerduecht ginn.

De liberale Politiker plädéiert donieft derfir, datt d'Ecoutë vu Parteie wéi deene Gréngen iwwerpréift ginn. D'Vergaangenheet misst opgeschafft ginn, och wann dat delikat wier.

De fréiere Chef vum Geheimdéngscht Marco Mille hat dem Premier jo vun 300.000 Karteikaarte beim SREL geschwat.

AUDIO: Ecouten Bommeleeër: Eng Reportage vum Nico Graf
SREL: Parlament eestëmmeg fir Enquêtëkommissioun
SREL: Parlament eestëmmeg fir Enquêtëkommissioun