Am Viséier vum Geheimdéngscht: Abbes Jacoby vun Déi Gréng

Schons ier d'Enquête-Kommissioun vun der Chamber mat hirer Aarbecht ufänkt, sinn éischt Erkentnisser aus der Geheimdéngschtwelt ze mellen.
D’Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun vun der Chamber huet e Mëttwoch eng Descente beim SREL gemat a Stéchprouwe bei de faméise Karteikarte vun kontrolléierte Leit gemat.
An d'Deputéiert sinn direkt op eng interessant Karteikaart gestouss, déi vum grénge Fraktiounssekretär Abbes Jacoby, deen an de 90er-Joer nach vum SREL fichéiert ginn ass, wéi hie scho fir gréng Deputéiert geschafft huet.
AUDIO: Am Viséier vum SREL: Reaktioun Abbes Jacoby
Srel: politesch Verantwortung?
Den Abbes Jacoby, haut gréngen Fraktiounssekretär , gouf iwwer 15 Joer bespëtzelt a fuerdert elo datt déi di doran implizéiert woren , sech entschëllegen!
Am meeschte gelies