SREL-Gate: Haff schwätzt sech fir Opklärung aus

De groussherzoglechen Haff huet an engem Schreiwes betount, dat d'Dossieren, déi hien direkt oder indirekt betreffen, musse ganz opgekläert ginn.
Den Haff ass fir eng strukturéiert a kohärent Demarche fir Luucht an dësen Dossier ze kréien. Dernieft ënnersträicht de Palais säin zolidd Festhalen um Rechtsstaat.
Weider Opklärungen an Explikatiounen gi sech dann um Donneschdeg vum Staatsminister selwer erwaart, deen d'Press fir 1 Auer convoquéiert huet.
D'Pressekonferenz vum Jean-Claude Juncker kennt dir natierlech op RTL mat suivéierten: Vun 1 Auer un schallt RTL Radio live an de Staatsministère, an op rtl.lu kennt dir dat ganzt mat engem Livestream a Liveticker en direct suivéieren.
Weider Intressant Interventioun op RTL Radio: Nom Mëttesjournal ass de fréieren Ausseminister an Ex-Direkter vum Tageblatt Jacques Poos Invité – et war hien deen an de 60er Joeren schonn eemol de Fonctionnement vum Geheimdéngscht a Fro gestallt hat.
LE MARECHALAT DE LA COUR COMMUNIQUE :
La Cour grand-ducale insiste à ce que toute la lumière soit faite dans les dossiers l’affectant directement ou indirectement et récemment évoqués dans la presse. Aussi encourage-t-elle toute démarche structurée et cohérente tendant à leur éclaircissement et réaffirme-t-elle son attachement indéfectible à l’Etat de droit.
Palais grand-ducal, le 5 décembre 2012