"Ech hunn innepolitesch Spionage ëmmer verbueden. Et gouf keng Affaire disciplinaire géint de Marco Mille wéinst der Suerg ëm d'Sécherheet, sou de Premier.

D'Ofschafung vum Spëtzeldéngscht ass iwwerfälleg. Dat wär e Kand vum kale Krich an déi Aarbechte kinnt eng Sektioun vun der Police matmaachen. Dat sot de fréieren Ausseminister op RTL Radio Lëtzebuerg kuerz virun der Pressekonferenz vum Premier. Déi Schëlleg viru Geriicht stellen an dann de Gesetzprojet fir d'Ofschafung ausschaffen, esou de Jacques F. Poos.

RTL

Virop sot de Premier op der Pressekonferenz, datt hien net verstoe kann, firwat d'Leit iwwerrascht wieren iwwer seng Annonce sech definitiv als Eurogruppen-Chef zréckzezéien. D'Aufgab vum Premier a vum President sinn net méi kompatibel. Et wier zäitlech einfach net méi méiglech. Dës Decisioun wier irrevocabel.

Geheimdéngscht a Bommeleeër: Pressekonferenz vum Premier
Déi ganz Erklärung vum Premier Jean-Claude Juncker virun der Press um Donneschdeg, 6. Dezember 2012 am Staatsministère.

Zënter laange Joren fillt de Premier, datt de Geheimdéngscht ëmmer Mësstrauen entgéint bléist. Wat geheim ass, trëfft op Mësstrauen. Hie wier awer kee Geheimdéngscht-Freak. De Jean-Claude Juncker huet dem Direkter vum SREL säi Vertrauen ausgeschwat. Hien hätt ëmmer kloer Instruktioune ginn, datt innepolitesch net dierft gespëtztelt ginn. "Ech hat ni vun esou eppes héieren", sou de Premier. An deem Gespréich, wat de Marco Mille mam Premier opgeholl huet, sot hien dat och ganz kloer.

"Ech sinn en charge vun der Sécherheet vun dësem Land. Ech huelen dat ganz eescht. Doriwwer kann ech mat kengem schwätzen, well dat ass alles geheim. An dat bleift och haut esou, well esou steet et am Geheimdéngscht-Gesetz. Dowéint kann ech net all Fro beäntwerten. Ech hu mech un d'Gesetz ze halen."

Trotzdem sou vill:

Et gouf effektiv ee Gespréich am Januar 2007 opgeholl. De Premier wëll sech net als Affer dohinner stellen, och wann een absolutte Vertrauensbroch virlouch. Et koum net zu engem Disziplinarprozedur, well dann hätt eng laang Enquête missen ageleet ginn. De Marco Mille hätt missen suspendéiert ginn, sou laang hätt keen aneren Direkter kéinten ernannt ginn. Dat hätt de Floss vun Geheimdéngscht-Informatiounen aus dem Ausland gestoppt. De Risiko wier ze grouss gewiescht, sou de Premier.

D'Erklärung vum Marco Mille wier plausibel gewiescht, aus deem senger Perspektive. Et wier ëm intern Mësstrauen bannent dem SREL gaangen. De Marco Mille krut keng Promotioun, hie gouf 1er Conseiller genannt, wat sengem Grade als Direkter entsprach huet, sou de Jean-Claude Juncker.

De President vun der SREL-Kontrollcommissioun vun der Chamber Charel Goerens war deemools vum Premier iwwer dee ganze Virgank an d'Bild gesat, och wann de Charel Goerens d'CD net am Detail gelauschtert hätt. Et wier dernieft net realistesch, wann all Filiature vum SREL vum Staatsminister oder der Chamber all Dag géing kontrolléiert ginn. Dat géif iwwer schrëftlech Rapporten iwwer d'Gesamtsituatioun geschéien.

Et wier besuergniserregend, datt ëmmer nees vum Grand-Duc géing Rieds goen. D'Rumeur, et wier ee Gespréich tëscht him an dem Grand-Duc opgeholl ginn, wier "ausserhalb vun all Realitéit". "Ech soen mol net an der Regierung, wat ech mam Staatschef schwätzen,", sou de Premier. Et wier awer op alle Fall d'Aufgab vum SREL gewiescht, der Saach nozegoen. Am Fall, wou eppes op der Diskquette wier, misst een dee fannen, deen dat gemach huet. Am Fall, wou näischt drop ass, misst erausfonnt ginn, firwat esou eng Rumeur do war.

Et wier awer schlëmm, sou de Jean-Claude Juncker, datt dem Grand-Duc Henri säin Dementi iwwer eng Zesummenaarbecht mam britesche Geheimdéngscht net gegleeft gëtt. Et géif ëm Héichverrot goen. Am Joer 2005 goufe grave Menace géint den Haff gemaach. Zu Colmer Bierg an am Palais goufen Fangschaltungen installéiert, fir Terror-Uriff ofzefänken. Am Mäerz 2005 goufen déi awer nees ofmontéiert. Aus all deem hätte sech geckeg Rumeuern entwéckelt.

RTL

Bei Telefonsecouten am Fall vun Terror oder Spionagefroen ass net d'Geriicht zoustänneg, mee de Staatsminister no Avis vun 3 Magistraten.  Heianzdo mécht dem Premier vu sengem Veto-Recht Gebrauch. Op alle Fall ass ëmmer eng Ënnerschrëft vum Staatsminister noutwenneg.

Bei der Enquête iwwer d'Ecouten vum Colonel Harpes ass erauskomm, sou de Premier, datt den deemoolege Premier Santer dat ni autoriséiert huet.

Den Abbes Jacoby ass ni ofgelauschtert ginn. Dës Informatioun ass falsch. Et gëtt ee Fichier zwar, mee wéi an all Geheimdéngscht op der Welt. Et gëtt keng 300.000 Fichen, sou de Premier, mee all Kéier eng Fiche mat engem Renvoi op ee Mikrofilm, vu 1960 bis 2000. Déi Zuel misst een duerch zwee deelen. Dat sinn zu 75% Saachen, déi vun auslännesche Geheimdéngscht iwwer Auslänner zur Verfügung gestallt ginn. Et géif also keng Fichen iwwer all Lëtzebuerger ginn.

Et ass ee Gesetzprojet iwwer de Geheimdéngscht a Preparatioun, och mat der Hëllef vun der Geheimdéngschtkontroll-Kommissioun. Dat wier heiansdo eng ganz geféierlech Aarbecht. Trotzdem misste méi streng Reegelen kommen, wat Suen a Waffen a Retraçage ugeet. Dat geet ganz wäit, wann een nokucke geet, wie wéi oft mat wiem telefonéiert. "Ech schwätzen net iwwert de Modus operandi vum Geheimdéngscht. Dat géing d'Gesetz guer net zouloossen.", sou de Jean-Claude Juncker.

De Premier Juncker ass fir Recht op Abléck a Fichen. Wann et net ëm Operatioune geet, déi nach lafen. "Dat läit awer an aneren Hänn", sou de Premier.

Op alle Fall freet sech de Staatsminister, firwat dat alles grad  elo op d'Tapéit kënnt? D'Gespréich wier bal 5 Joer al! De Jean-Claude Juncker huet Vermutungen, hitt sech awer, Hypotheesen ze äusseren.

Geheimdéngscht:Premier erklärt
Bal annerhallef Stonn huet den Premier erklärt,ween ween ofgelauschtert huet(oder och net) an wee wou fichéiert ass an ween e Recht kritt,seng Fiche kucken ze g