"Land" publizéiert weideren Deel vum Mille-Juncker Gespréich

An der neister Editioun vun der Wochenzeitung ass nees en net-publizéierten Deel vum Gespréich Mille-Juncker ze liesen.
E Gespréich dat de Chef vum SREL jo mat enger Auer enregistréiert hat.
An dësem Extrait, deen ongeféier nëmmen nach hallef esou laang ass, wéi deen, deen de leschte Freideg am Land ofgedeckt gi war, sinn et eng gutt hallef Dosen Aussoen vum Marco Mille, wougéint de Staatsminister nëmmen zwou ganz kuerz Froen stellt.
De Geheimdéngscht-Chef schwätzt vun enger Ecoute op säin Informant, de Geschäftsmann M., deen jo d'cryptéiert CD besuergt hat, wou anscheinend e Gespréich tëscht dem Premier an dem Grand-Duc drop wier. Deen Informant gouf also sengersäits via en Handy bespëtzelt.
Dës Confirmatioun gëtt de Marco Mille dem Premier, a betount, datt et de Staatsminister selwer war, deen des Ecoute autoriséiert hat.
No engem eenzegen Gespréich mam Informant, wier dës awer nees ofgeschalt, well wéi de Marco Mille weider erklärt, hätt hie serieux Problemer fir de Leit aus der Kommissioun, déi d'Ecouten erlaabt, z'erklären, wat alles géif lafen.
Zu all deem seet beim Gespréich mat sengem Chef vum Geheimdéngscht, de Staatsminister selwer also näischt!