Mënscherechtskommissioun: Ecoute Verstouss géint Privatsphär

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun Lëtzebuerg huet sech elo och am Geheimdéngschtskandal zu Wuert gemellt.
An engem Communiqué erënnert d'Kommissioun un d'europäesch Mënscherechtskonventioun, där no d'Oflauschteren vun Telefonsgespréicher e grave Verstouss géint d'Privatsphär ass. An do hätt sech de Geheimdéngscht, wei et schéngt, net drun gehalen, sou d'Kommissioun, déi awer och versteet, dat de Staat aus nationale Sécherheetsgrënn muss Fichiere iwwer Persounen uleeën. Et wier ebe wichteg, de richtegen Dosage, tëscht dem allgemengen an dem individuellen Interessi an engem Land ze fannen.
Am meeschte gelies