D'Aussoe vum Premier zur Geheimdéngschtaffär hunn der KPL no wuel eng Rëtsch Froe beäntwert, ma et sinn der nach bal méi dobäikomm!

Et wär awer elo kloer, dass d'KPL zu Zäite vun de Premiere Pierre Werner, Gaston Thorn a Jacques Santer bespëtzelt gouf, wat ëmmer bestridde gi wär. Dass et vun 1995 u keng politesch Spionage méi zu Lëtzebuerg ginn hätt, ass de Kommunisten no schwéier ze gleewen.

Verlaange si eng Entschëllegung vum Staatsminister dofir, dass si iwwer Joren ofgelauschtert goufen? Dozou sot de KPL-President Ali Ruckert, datt hien net versteet, firwat de Premier 1995, wéi hien dem SREL sot, et dierft keng innepolitesch Spionage ginn, dat net och ëffentlech sot a sech fir d'Vergaangenheet entschëllegt huet. Et wier gutt, wann dat géing nogeholl ginn.

D'Kommuniste fuerderen ë.a. eng breet Opklärung vun dëser Affär an d'Opléise vum Spëtzeldéngscht.