Bausch: Et geet der CSV just ëm Vertuschung

Dat wat d'Erna Hennico Schoepges an hirer RTL-Carte Blanche gesot huet, ass net wouer. Dat ass d'Reaktioun vum François Bausch um Freideg.
Wéi de President vun der spezieller Chamberkommissioun fir de Geheimdéngscht op eis Nofro hin erkläert huet, geet der CSV dobäi just ëm d'Vertuschung.
De François Bausch huet am RTL Interview gemengt, dass d'Nerve vun der CSV géife blank leien, an dass si dowéinst mat der bewäerter Method wéilte probéieren: Wann ech net wëll, dass eppes opgekläert gëtt, de schéissen ech op déi, déi wëllen opkläeren.
Dat wat déi fréier CSV-Ministesch gesot huet, z. B., dass de François Bausch, respektiv d'Kommissioun vun där hien zënter 2009 de President ass, ëmmer alles gewosst hätten, wat um Dësch läit, wier net wouer. Et hätt een nëmmen 10% vun deem ganzen Auer-Gespréich scho gewosst. Wann hien déi aner 90% gewosst hätt, hätt hie reagéiert an Opklärung gefuerdert. D'Kommissioun hätt deemools dem Premier vertraut, an et dofir net fir néideg fonnt, an d'Ëffentlechkeet ze goen. Dofir soll dem François Bausch no d'Enquêtekommissioun hir Aarbecht maachen, an all Procès Verbaux zënter 2005 sollen integral verëffentlecht ginn.
Ma domat huet déi fréier Chamberpresidentin jo och hire Problem. Wéi si an der Carte Blanche gemengt hat, wier de Geheimdéngscht net méi geheim, wa Saachen un d'Ëffentlechkeet geroden, an de President vun der geheimer Kommissioun och net méi crédibel, well d'Vertraulechkeet, déi am Reglement festgehalen ass, net méi ze gëlle schéngt. De Geheimdéngscht ass geheim, an dofir däerf net vill un de Public, sot jo och de Premier. Dat versteet de François Bausch net. Dat mat de Menace géint de Grand-Duc hätt d'Kommisioun ni gesot kritt, ma de Premier hätt se elo der Ëffentlechkeet presentéiert. Och de fréiere Chef vum Geheimdéngscht hätt dem "Wort" een Interview ginn, wou hien Saache confirméiert oder refutéiert. Mee d'Membere vun der Kommissioun sollen nëmmen net de Bak op dinn.
Dofir ass de François Bausch frou, dass et lo déi Enquêtekommissioun gëtt, déi anescht funktionéiert. Déi huet nämlech Accès zu allen Dokumenter an Donnéeën, a si wier ëffentlech, dofir wier et elo geschwënn ganz kloer, wee wou wéini wat gesot huet.