Den LSAP-Südpolitiker Dan Kersch riicht sech wéinst der Geheimdéngschtaffaire an engem oppene Bréif un de Premier.

De Monnerecher Buergermeeschter huet säin Affekot domadder chargéiert, seng eventuell Karteikaart beim Geheimdéngscht unzefroen a wann et muss sinn, eng Plainte géint Inconnu ze maachen.

Hie géif sech schëlleg fillen, datt de Spëtzeldéngscht wéinst senge verdächtege Meenungen onnéideger Weis mat Aarbecht belaascht gi wier, schreift den Dan Kersch ironesch.

De Staatsminister hat op der Pressekonferenz d'Fro opgeworf, firwat d'Revelatiounen iwwert d'Ecouten an déi illegal Oflauschteraktiounen grad elo publique gemaach goufen, ouni weider driwwer spekuléieren ze wëllen, wien d'Informatiounen no baussen gedroen huet. Den Dan Kersch huet seng ganz eege Verdächtegungen.

De Premier hätt op der Pressekonferenz nervös a genervt gewierkt. Hie géif wuel selwer wëssen, datt méi hannert deem Ganze stécht, wéi d'Ëffentlechkeet bis ewell weess, mengt de Sozialist.