Alex Bodry: D'Reform vum Geheimdéngscht am Mee 2004 war a méi wéi engem wesentleche Punkt méi wéi bedenklech.

An elo stinn déijéineg déi derfir gestëmmt hu virun de Schierbele vun enger verpasster Reform, dat schreift den LSAP-President Alex Bodry an engem Commentaire am Tageblatt um Méindeg. D'Sozialisten haten anescht wéi CSV, DP an ADR deemools net fir den Text gestëmmt.

D'Gesetz bréngt et, dem Alex Bodry no, net fäerdeg d'Aktivitéite vum Geheimdéngscht korrekt ze reglementéieren, dat hätt sech elo confirméiert.

De Spëtzeldéngscht beweegt sech ausser bei den Ecouten, quasi an engem rechtsfräie Raum, kritiséiert den LSAP-President.

De Geheimdéngscht géif net genuch extern kontrolléiert. Et géif keng Instanz an där Bierger eng Plainte kënne maachen. Den Dateschutz géif net genuch respektéiert an d'Strofe wieren ze héich. Sou géif sech jiddereen, och Journaliste wa se Informatiounen iwwert de SREL recherchéieren a verëffentlechen, prinzipiell strofbar maachen.

Dat wier schonn deemools iwwerdriwwe gewiescht, schreift den Alex Bodry.

Fir hie sinn 8 Joer verluer gaang an et wier ze hoffen, datt eng breet Majoritéit am Parlament dat och esou gesäit.

E weidere Feeler kéint Lëtzebuerg sech an dëser komplexer Matière nämlech net leeschten.

AUDIO: Geheimdéngscht: Den Alex Bodry am RTL Interview
Enquêtëkommissioun SREL: Alex Bodry am RTL-Interview
Wéi gesäit de President d'Aufgab vun där Kommissioun?