SREL: CSV-Positioun zu Responsabilitéitsfro steet

D'CSV huet eng Positioun ausgeschafft, wat d'Responsabilitéitsfro ugeet, huet et no der Enquêtekommissioun SREL geheescht.
Et ass déi decisiv Woch an der Lëtzebuerger Politik mat Sécherheet eng decisiv Woch och fir de Staatsminister, mä no der éischter vu wahrscheinlech am ganze 5 Sëtzunge vun der Enquêtekommissioun dës Woch, si mer nach net vill méi schlau.D'Deputéiert aus der Kommissioun waren och zimlech zéi, fir sech de Froe vun de Journalisten ze stellen. D'CSV zum Beispill huet op en Dënschdeg verwisen.
Um Dënschdeg kommen si nämlech definitiv mat hirer Positioun zu der zentraler Fro, nämlech där vun der politescher Responsabilitéit. Bis elo huet d'CSV sech net an d'Kaarte kucke gelooss a kee Wuert zu där Verantwortung gesot. Um Dënschdeg kréie mer et da schrëftlech, sot de President vun der Enquêtekommissioun, den LSAP-Deputéierten Alex Bodry. Et misst een da gesinn, ob sech mat hire Propositiounen ee Konsens op engem Text mécht, iwwer deen ee kann ofstëmmen.
Ënnert déi ablacklech Formulatioun geet de Rapporter, de grénge François Bausch op allefalls net. Aus enger Responsabilité incontestable gouf awer schonn eng Responsabilitéit, déi engagéiert ass... Dat ass jo awer schonn eng manner schaarf Formuléierung? Vum Prinzip hir wier dat genee dat nämmlecht, sou de François Bausch. D'Kommissioun kënnt jo just mat engem Rapport, net mat Fuerderungen no Récktrëtt, dat missten dann d'Fraktioune maachen. Zil vum Rapport wier net, fir Neiwahlen ze kréien, mee fir Konsequenzen aus enger Verantwortung ze zéien. Et géif an der Hand vun deem leien, dee fënnt, datt dat net akzeptabel ass an dat de Wieler misst entscheeden.
Huet de Jean-Claude Juncker dann eng aner Méiglechkeet wéi ze demissionéieren? Wann een an der Geschicht kuckt, sou de François Bausch, da gesäit een, datt all concernéiert Ministere vu sech aus d'Konsequenze gezunn hunn. Wann de Premier net bis Enn der Woch eppes mécht, da géif d'Chamber iwwer hir Fraktiounen déi nächst Woch derzou Stellung huelen.