Bommeleeër-Prozess: 2 Zeien ënner an iwwer Drock

Den Zeie Pierre Reuland um Wee an d'Geriicht.
Firwat hu sech den Ex-Police-Generaldirekter Reuland an den Ex-Generalsekretär Stebens fir d'Entrave-Gesetz interesséiert? Dorëms hätt et solle goen ...
Virveruerteelt – esou hu sech e Méindeg am Bommeleeër-Prozess déi zwee Zeie Pierre Reuland a Guy Stebens presentéiert a gefillt, sote si. De fréiere Police-Chef Pierre Reuland sot esouguer, hien hätt manner Rechter wéi déi zwee Ugekloten an huet d'Geriicht opgefuerdert, doriwwer emol nozedenken. D'Riichterin sot dem Pierre Reuland, hie wier bis ewell net beschëllegt, hie bräicht nëmmen d'Wouerecht ze soen, da wier alles an der Rei.
An obschons et um Méindeg jo just ëm de Volet sollt goen, wéi a firwat ass Pressioun gemat ginn, fir dat neit Gesetz iwwer d'Entrave à la justice ze verhënneren, obwuel et also "nëmmen" dorëms goe sollt, war déi éischt Fro vun der Riichterin, déi nom ominéise Saz vum Pierre Reuland un d'Enquêteuren: "Dir kommt bis op e bestëmmte Punkt an dann ass Schluss."
Hien hätt dee Saz ni gesot, sot de Pierre Reuland, a wann, dann hätt hien dat nëmmen administrativ gemengt, esou op de Genre, iergendeng Kéier ass ebe Schluss a souwisou wier dat alles schwiereg gewiescht mat de 4 Enquêteuren, déi baussent der Police exklusiv op engem Dossier geschafft hätten. Den Enquêteur Marc Weis huet dunn awer däitlech gesot, wéini dee Saz gefall ass an d'Riichterin huet dem Pierre Reuland virgehalen, hien hätt d'Enquête eben net ënnerstëtzt, mä éischter versicht, se ze verhënneren.
Dem Pierre Reuland seng Stëmm huet manner sécher gewierkt, wéi säin Optrieden dat signaliséiere sollt. E wackelegen Tounfall an ugefaangen an nees ofgebrache Sätz soten, datt hei een ënner Drock stoung um Geriicht.

Dem Pierre Reuland ass et do net besser gaange wéi dem de fréiere Police-Generalsekretär Guy Stebens. Och hien hat sech als Affer presentéiert. Hien hätt näischt ze verstoppen an hätt sech fir dat Entrave-Gesetz nëmmen intersséiert, well dat op hie geziilt hätt. "Jo, an?", soten d'Riichterin an d'Defense unisono. Déi wollten net verstoen, firwat esou e Gesetz e gesetzestreie Polizist menacéiere sollt. Dorop hat de Guy Stebens einfach keng Äntwert. Wéi esou dacks op déi einfachst Froen an de simpelste Kontexter. Hie géif hott an har an hin an hier a kräiz a quier fueren, huet de Procureur him reprochéiert, wéi de Guy Stebens partout net soe wollt, wat hie konkret un deem Entrave-Gesetz gestéiert hätt an ob hie konkret - a wat genee - iwwer den Text mam Pierre Reuland geschwat hätt. Flou artistique do beim Guy Stebens. Si hätte just "Text" gesot, huet de Gaston Vogel gelästert, a soss wuel näischt. Dat wier jo net ze gleewen.
Et war e ganz emotionalen Optrëtt vum Guy Stebens, een Ament huet ee gemengt, hien giff ufänke mat Kräischen. Mä an der Saach ass hien einfach evasiv bliwwen, sot awer, hie giff alles soen, wat e wéisst. Doropshin d'Riichterin, dréchen: Ech mengen, da géife mir nach e puer Iwwerraschunge kréien, wann Dir eis géift alles soen.
