Responsabilitéitsfro: CSV géint eng Demissioun vum Premier

© Luc Rollmann
D'CSV huet hir Positioun a Saache Responsabilitéit an der Enquêtekommissioun presentéiert. De Premier wier zwar responsabel misst awer net demissionéieren.
„All Minister ass fir déi Servicer a Verwaltungen déi him ënnerstinn objektiv responsabel“. Dat sot den CSV Fraktiounschef Gilles Roth en Dënschdegmoien no enger weiderer Sëtzung vun der Enquêtekommissioun, wou d'CSV eng éischte Kéier hir Positioun wat déi politesch Responsabilitéiten ugeet, virgeluecht huet.
Politesch responsabel heescht fir d'CSV awer net, dass dee politesch Responsabele misst demissionéieren.
Nee, wëll dem Jean-Claude Juncker wiere keng perséinlech Verfeelunge vir ze werfen, also missten och keng personell Konsequenze gezu ginn.
De Gilles Roth huet der Press dat doten ëmmer nees widderholl an op d'mannst eng Hallef Dose mol gesot, dass d'Bewäertung vun deem wat schif gelaf ass dem Parlament virbehalen ass.
An dann ?
Gilles Roth: Mir waarden eng Debatt an dem Plenum of a wou de Staatsminister jo och dann d'Méiglechkeet kritt fir sech der Chamber, respektiv der breeder Ëffentlechkeet seng Erklärungen ze ginn, a wou een dann all déi Virwërf déi lo an dem Raum stinn, dass déi vill méi nuancéiert wäerten do stoen, wéi dat elo an engem eesäitege Rapport festgehal ass.
D'CSV hat en Dënschdegmoien also een aneren Text proposéiert, ee verwässerten wéi déi aner Parteien alleguerte fonnt hunn. Dass hiren Text net duerch gaang ass huet de Gilles Roth net gesot, de François Bausch vun deene Gréngen awer.
François Bausch: Mir hu kee Vote geholl, well mer deen net hu brauchen ze huelen, well et eng Evidenz war an d'CSV huet do och net méi insistéiert fir déi Ännerungen herno dran ze setzen, mä si hu sech d'Reserve natierlech virbehalen, fir en Fonctioun vum definitiven Text eng Decisioun ze huelen, op se fir de Rapport stëmmen oder net.
Dee Vote ass bekanntlech een Donneschdeg an de President Alex Bodry vun der LSAP ass zefridden dass d'CSV sech en Dënschdegmoien net konnt duerchsetzen.
Alex Bodry: Ech hat mäin Text bal net méi rëm erkannt op deem leschte Volet vun der responsabilité politique. Et ass zu enger Diskussioun komm wou Argumenter ausgetosch si ginn, wou ee kloer gemierkt huet wou d'Majoritéit vun der Kommissioun sech giff hibeweegen.
An deemno bleift et beim Text vun den Häre Bausch a Bodry.
Och fir de Claude Meisch vun der DP ass d'Saach kloer zemools wou bei der Justiz minimum 7 enquête oder enquêtes préliminaires lafen.
Claude Meisch: An dat sinn alles Informatioune wou de Premierminister tëschent 2005 an 2010 awer och fréier oder spéider kritt huet, an en huet se net weiderginn un d'Justiz. Dat ass fir mech e ganz zentraalt Element och vun eegenener Responsabilitéit wou de Premierminister falsch gehandelt huet, respektiv guer net gehandelt huet.
Et ginn elo nach 3 Méiglechkeete seet de Gast Gibéryen vun der adr
Gast Gibéryen: Déi éischt ass, datt de Staatsminister selwer, wann de Rapport en Donneschdeg gestëmmt ass, d'Konsequenzen zitt dovunnen an zrécktrëtt. Déi zweet ass, datt e Freiden am Regierungsrot d'Regierung géif soen ma mir léisen eis an dëser Situatioun op. A wa keng vun deenen zwou Moossnamen antrëtt, dann ass et d'nächst Woch um Parlament e Vote ze huelen, an dee schéngt op Grond vun deem Rapport wéi en haut hei vir läit, zumindest eng parteiiwwergräifend Majoritéit mat Ausnam vun der CSV zu dësem Zäitpunkt kënnen ze kréien.
De Ball bleift beim Premier. Bei deem hu mer een Interview ugefrot.