Hien hätt sech just aus administrative Grënn fir d'Enquête interesséiert an hätt Witzer gemaach. Ma dat wollt kee gleewen - net no enger neier Schock-Note!

Um Méindeg hat de fréiere Policechef Pierre Reuland scho keen einfache Stand als Zeien am Bommeleeër-Prozess an um Dënschdeg sollt et net méi lëschteg fir hie ginn! A Frankräich gëtt et den Ausdrock "passer un sale quart d’heure": Fir den Ex-Generaldirekter vun der Police huet et just wesentlech méi laang gedauert ...

D’Versich vum Pierre Reuland, fir op d’Froen z’äntweren, déi him gestallt goufen, hu Kapprësele bei de Riichteren, de Vertrieder vum Parquet, de Prozess-Observateuren an de Bommeleeër-Enquêteure provozéiert. Fir d’fréier Policegréisst war et definitiv kee gudden Dag.

Theatercoup: Nei "Note au dossier"

Et goung scho ganz schlecht un, wéi de Substitut principal Robert Welter, dee bis ewell eng ënnergeuerdnet Roll am Prozess gespillt huet, op eemol zum Haaptacteur gouf. De Vertrieder vum Parquet huet um Ufank vum 58. Sëtzungsdag nämlech eng "Note au dossier" virgeluecht iwwer eng Diskussioun, déi hie viru Joren an der staatlecher Verkéierskommissioun mam Pierre Reuland hat. Deen hätt hien dunn op de Bommeleeër-Dossier ugeschwat a gefrot, wou deen dru wär. Den Ex-Policegeneraldirekter hätt vun engem alen Dossier geschwat, wou ee géif bis op e gewëssene Punkt kommen, an da wär Schluss. Den Niveau wär héich, ganz héich, net de Grand-Duc, héich, awer net sou héich, an de Bommeleeër wär net just eng Persoun.

RTL
RTL

De Pierre Reuland sot dozou, dat Gespréich hätt et senger Meenung no net ginn; hien hätt och de Problem am Geriichtssall, dass him grondsätzlech net géif gegleeft ginn. Op d’Fro vum Me Vogel, ween dann de Bommeleeër wär, huet hie geäntwert, e wéisst dat net! Dat, wat de Substitut Robert Welter sot, géif hie kontestéieren, war eng weider Äntwert vum fréiere Policechef. Wéi de Me Vogel drop higewisen huet, dass de Pierre Reuland um Bord vun enger Falschausso an enger "Entrave à la justice" wär an hien als Affekot handele misst, huet de Pierre Reuland no enger Paus gemengt, hie kéint haut, also um Dënschdeg, net dorop äntweren, mä muar, also um Mëttwoch!

AUDIO: Bommeleeër: Me Vogel iwwer Theatercoup vum Substitut

Mat de kokassen Aussoe war et domat awer nach laang net gedoen! Zu ganz gelungenen Deklaratioune vum Ex-Generaldirekter vun der Police beim Abschidsiesse vun engem Polizist housch et, d’Leit hätten do laanschtenee geschwat an et hätt keen Drock vun him op d’Bommeleeër-Enquêteure ginn. "Wann Der all Wuert op d’Goldwo leet", sot de Pierre Reuland nach; déi Aussoe wären net eescht ze huele gewiescht! Allerdings, sou d’Riichterin Sylvie Conter, hätten d’Enquêteuren dat, wat hie gesot huet, ganz eescht geholl, ier de Procureur Georges Oswald mat de Wierder enchaînéiert huet: "All déi aner hunn Onrecht, a just den Här Reuland Recht!"

Fir Aussoen, déi net ubruecht waren, bestrooft

Nodeems d’Presidentin vum Geriicht de fréiere Policechef mat enger Rëtsch vu senge komeschen Aussoe bei deem Iesse konfrontéiert hat, huet de Pierre Reuland betount, net ze wëssen, wéi en dat soll gemengt hunn! Hien huet ënnerstrach, dass hien als Generaldirekter besser gehat hätt, déi Saachen net ze soen, well schliisslech wär hien ë.a. dofir ofgesat ginn. Hie wär net frou doriwwer, ma en hätt definitiv besser gehat, dat net ze maachen.

Interessant un der Audienz vum Dënschdeg war och nach den Optrëtt vum Enquêteur Klein, dee vum Procureur adjoint Oswald no vir geruff gi war, nodeems de Pierre Reuland fir d'Xte Kéier betount hat, an der Zesummenaarbecht tëscht Police a Justice an tëscht Policespëtzt an Enquêteure wier e "positive Geescht" gewiescht.

Den Enquêteur Klein, deen och fir säi Kolleg Scheuer geschwat huet, huet eng Chronologie vu markante Faiten a vun de Steng, déi hinnen an de Wee geluecht goufen, virgedroen an och un d'Mauer vum Geriichtssall projezéiert. Et war eng laang Tabell, déi vill Froen opgeworf an definitiv kee gutt Liicht op verschidden Akteuren an der Policespëtzt geworf huet.

"Mir waren entsat!", sot den Enquêteur Klein een Ament iwwert Aussoe vum deemolege Generaldirekter. Hien an den Enquêteur Scheuer hätten net kënne verstoen, firwat hire Generaldirekter bei Zeien zou op engem Owesiessen - et geet ëm deen ominéisen Abschid - seet, datt een d'Bommeleeër-Enquête misst zoumaachen. "Mir ware guer net enger Meenung." A si hätten direkt dono eng Aktennotiz verfaasst ...

Procureur an Enquêteur sinn och nach op déi (aus heiteger Siicht) net méi novollzéibar (intern) Kommunikatioun vum Pierre Reuland agaangen, déi deen no der Verhaftung vu Wilmes a Scheer gemaach huet: Hien huet sech dora virun d'Poliziste gestallt gehat. Um Dënschdeg huet en awer - eemol domat konfrontéiert - betount, datt een Editorial am Policemagazin, an deem steet, datt kollegiaalt Verhale bei fräie Poste berücksichtegt gëtt, a kengem Zesummenhank zu där Affär steet, déi den Ament vru Geriicht ass ...

No den Ausféierunge vum Enquêteur huet de Pierre Reuland nach ënnerstrach, bis den 23. November 2007, dem Dag vun der Verhaftung, ni iwwert d'Pist BMG (Brigade mobile de la Gendarmerie) informéiert ginn ze sinn - wat och normal gewiescht wier.

De Me Vogel hat de Pierre Reuland en Dënschdeg an der Sëtzung iwwregens zweemol direkt opgefuerdert, endlech ze soen, wien de Bommeleeër wier ...

Wéi geet et virun?

Den nächste Rendez-vous am Bommeleeër-Prozess ass um Mëttwoch ëm 15 Auer. Datt sollt u sech de leschten Dag virun der Summervakanz sinn. Bis de 16. September wier da Paus.
Ma ob net och nach en Donneschdeg eng Audienz ass, decidéiert sech wuel eréischt e Mëttwoch am Laf vum Nomëtten - et ass eben, wéi de Maître Vogel sot, nodeems d'Note virgelies gi war, en neuralgesche Punkt am Prozess erreecht.

Ursprénglech ware fir d'Zeie Stebens, Ex-Generalsekretär, a Reuland, Ex-Generaldirekter vun der Police, 2 Deeg virgesinn, ma elo ass de Pierre Reuland um Mëttwoch nach eemol geruff. Fir d'drëtt!

A fir Spannung dierft weidergi gesuergt sinn, well déi fréier Policespëtzt hat keen einfache Stand am Zeiestand, fir bewosst net vun enger "Demontage" ze schwätzen, well u sech war et eng. Esou ouni Weideres hu Geriicht a Parquet an och d'Defense, wann et si arrangéiert huet, deenen 2 einfach kee Glawe schenke wëllen ...

A méi wéi eemol hat een den Androck, d'Zeie géifen - och (?) - op d'Uklobänk gehéieren. Iwwer deen Androck hate sech Stebens a Reuland jo ewell um Méindeg beschwéiert - "si wiere virveruerteelt". Ma den Androck, datt si sech eppes virzegeheien hunn, ass an de leschten 2 Deeg op alle Fall emol net méi kleng ginn.

Bommeleeërprozess: Ex-Police-Generaldirekter ënner Drock!
Ech weess net ween de Bommeleeër ass, sou den Ex-Police-Direkter Pierre Reuland, deen haut nachmol viru Gericht ausgesot huet a ferm ënner Drock stoung.