No der ëffentlecher Chamberssëtzung soll de Rapport esouwäit finaliséiert ginn, dass et en Donneschdeg héchstens nach puer kosmetesch Ännerung kënne ginn.

Si hunn e Mëttwoch Nuetsschicht, d'Deputéiert aus der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht. En Mëttwochowend no der ëffentlecher Chamberssëtzung soll de Rapport esouwäit finaliséiert ginn, dass et en Donneschdeg de Moien héchstens nach puer kosmetesch Ännerung kënne ginn an den Text dann en Donneschdeg de Mëtte ka gestëmmt ginn.

Dass elo nach weider diskutéiert gëtt an dass eng Nuetsschicht agefléckt gouf, ass awer elo net der CSV hir Schold. Dat Ganzt ass eben komplex, esou de Rapporter François Bausch.

E Mëttwochmoie goung et an den Diskussiounen ëm déi parlamentaresch Kontrollkommissioun vum Geheimdéngscht, de Kontroll also duerch d'Chamber, esou den DP Fraktiounschef Claude Meisch.

AUDIO: De Claude Meisch
AUDIO: De Reportage vum Frank Kuffer (03/07/2013 - 12h30)