Drëtten Optrëtt fir de Pierre Reuland e Mëttwoch um Geriicht. Et war dee leschte Sëtzungsdag vrun der Summerpaus. Suite vum Prozess de 16. September.

Am Bommeleeër-Prozess huet um Mëttwoch den degradéierte fréiere Police-Chef Pierre Reuland eng Stellungnahm ofginn, wou am Wesentlechen dra stoung - Zitat:

- Ech sinn net de Bommeleeër.
- Ech weess net, wien de Bommeleeër ass.

De Pierre Reuland huet iergendwéi awer zouginn, datt hie vläit e Gespréich mam Substitut Robert Welter hat, an deem hie gesot hätt, d'Enquête kéim bis op e gewëssen héijen Niveau an da wier Schluss.

Réckbléck op d'Audienz vum Mëttwoch

No 28 Minutten ass dem Procureur Oswald de Kolli geplatzt: Den Zeie Reuland hätt eng irrespectueuse Manéier, fir mam Geriicht ëmzegoen; esou eppes hätt hien nach net erlieft. Mir si kal a waarm gewinnt, huet d'Riichterin enchaînéiert an domat de fréiere Police-Chef Reuland implizit op den Niveau vun engem x-beliebegen Delinquent gesat, dee sech net behëlt.

An et war jo schonn e staarkt Stéck, wat de Pierre Reuland um Geriicht ofgeliwwert huet. Gefillten 30 Mol sot hien, a senger Stellungnahm géif alles dra stoen. Déi Äntwert koum all Kéiers, wann Defense, Riichterin oder Procureur méi Präzises wësse wollten iwwer dat, wat hien dem Substitut Welter dann deemools gesot hat. Notamment datt d'Bommeleeër op engem héijen Niveau ze fanne wieren an datt si deemools no dru gewiescht wieren, d'Täter in flagranti z'erwëschen an et wieren der e puer gewiescht.

Wann den héchste Polizist aus dem Land esou eppes gesot hätt, da misst hie jo och wëssen, iwwer wien a wat hie géif schwätzen.

An da koum et: Alles steet a mengem Bréif, sot den offensichtlech esou gebriefte Pierre Reuland.

An deem Bréif steet an der Haaptsaach awer nëmmen dran, hien hätt eventuell eng Zort Comptoirs-Gespréich mam Substitut Welter gehat an hie wier net de Bommeleeër an hie wéisst och net, wien de Bommeleeër wier.

Kee war mam Pierre Reuland sengen éiweg déiselwecht Remarquen zefridden, mä hien ass stur derbäi bliwwen. A fillt sech weiderhin onschëlleg verfollegt, nëmme just well hie sech nom November 2007 hannert déi zwee haut Ugeklote gestallt hätt. Keen huet him dat ofgeholl.

RTL

"Panzrappecht" fir Zeien ...

D'Auditioun vum Pierre Reuland hat um 16 Auer och direkt e koppegen Ufank. Well et kann een et net anescht soen, d'Riichterin huet dem Pierre Reuland eng Panzrappecht ginn a gefrot, wat hie sech géif eraushuelen.

Et huet sech konfirméiert, wat RTL de Mëttwoch de Moien op Radio Lëtzebuerg gemellt hat, de Pierre Reuland hat en Dënschdeg an enger Sëtzungspaus einfach eng Portiers-Madame aus hirer Loge erauskomplimentéiert, d'Dier zougemaach a mat sengem Affekot telefonéiert.

De Pierre Reuland huet gemengt, als Nach-ëmmer-Polizist hätt hie gemengt, hien dierft dat mat Staatsproprietéit maachen. Mä hie géif dat dann an Zukunft net méi maachen.

D'Riichterin sot him, et géif hei ëm seng Aart a Weis goen an déi wier en Dënschdeg genee déiselwecht iwwerhieflech gewiescht wéi deemools mat den Enquêteuren, déi hie jo och net extra fäi behandelt huet.

Et war en houleusen Optakt fir eng Auditioun, déi houleuse weidergaang ass mat engem Zeien, deen e ganz Speziellen ass.

Den Donneschdeg war dee leschte Sëtzungsdag vrun der Summerpaus. Weider am Prozess geet et de Méindeg, 16. September. An datt de Pierre Reuland am Hierscht nach eemol als Zeie muss zeréckkommen, dat ass esou gutt ewéi sécher ...

Bommeleeër-Prozess:Aussoen vum Ex-Police-Chef net credibel
De Pierre Reuland ass haut fir drëtt am Bommeleeër-Prozess mat onbequeme Froe bomdardéiert ginn.