Enquêtekommissioun: Ofstëmmung eréischt um Freideg

Um Donneschdeg soll de Rapport finaliséiert ginn, d'CSV huet awer nach Problemer mat der Formuléierung vun de Responsabilitéite vum Staatsminister.
Et gëtt dann awer nach net en Donneschdeg, mä eréischt e Freideg an der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht iwwert de Schlussrapport an d'Konklusiounen ofgestëmmt.Och déi iwwer 6 Stonne e Mëttwochowend, bis no 23 Auer, sinn net duergaange fir den Text definitiv ze ficeléieren, en Text, deen ëmmer méi grouss gëtt.
Mëttlerweil si mer bei iwwer 130 Säite soten d'Deputéiert aus der Kommissioun no der Sëtzung. Et kéimen ëmmer nei Piècen an Annexe bäi. Et wier een historescht Dokument huet et am Laf vum Owend an de Couloire vun der Chamber geheescht.
D'CSV an hire Fraktiounschef Gilles Roth hu nach ëmmer Problemer mat der Formuléierung vun der Responsabilitéit vum Staatsminister an och där vun der Kontrollkommissioun.
Gilles Roth: An et ass op Grond vun deem Text deen op deenen 2 Voleten wäert herno definitiv arretéiert ginn wou d'Positioun vum Vote vun der CSV sech wäert determinéieren.
Ass d'Kontrollkommissioun dann elo awer mat Responsabel ?
Gilles Roth: Et sollt een d'Verantwortung vun der Kontrollkommissioun och an hirem institutionelle Role gesinn wéi se 2004 bei dem Geheimdéngschtgesetz wéi dat deemols ofgestëmmt ginn ass , an och déi Responsabilitéit muss spillen.
Fränk Kuffer: D.h. Dat wier méi wéi elo dra steet?
Gilles Roth: Ech ginn dovun aus.
Déi Aussoen huet kee vun den anere Member verstan, virop de President vun där Kontrollkommissioun vum SREL, de Grénge François Bausch, mä och de President vun der Enquêtekommissioun Alex Bodry an de Gast Gibéryen vun der adr haten hir Problemer mat den Aussoe vum Gilles Roth.
François Bausch: Also den Här Roth ka vläicht mengen souvill wéi e wëllt, mä mir hunn déi dote Kapitelen entretemps wierklech en long et en large vun uewe bis ënnen a vun ënne bis uewen diskutéiert, a mir sinn de Mëtteg zu Textpropositioune komm.
Alex Bodry: Dat hu mer de Moie gemaach... do hu mer Decisioune geholl wat mer géifen dra schreiwen. Lo muss vläicht deen een oder anere Saz nach ausformuléiert ginn, an nach eng Kéier iwwerpréift ginn, mä u sech, wat ech als President net méi wëll zouloossen, dass mer ëmmer rëm déi selwecht Diskussioune féieren.
Gast Giberyen: Nee nee... ech weess net wou den Här Roth dorunner kënnt, well mir hunn dat de moie schonn ofgeschloss. Doriwwer ass de mëtte guer net méi diskutéiert ginn an iwwert dat wat mar nach diskutéiert gëtt, dat ass och den owend elo festgehale ginn. Dat huet näischt méi mat de Konklusiounen ze dinn.
D'CSV huet Problemer mat enger Partie Formuléierungen seet och den DP Fraktiounschef Claude Meisch.
Claude Meisch: Dat wäert awer net un eis leien. Ech mengen, datt mer mussen op deem festhale wat mer wierklech festgestallt hunn, wat mer och kënnen dokumentéieren, wat kloer bewisen ass. Do kann ee lo net de Virstellunge vun eenzelne Membere vun der Kommissioun noginn, fir herno eng méi eng grouss Majoritéit oder eng Unanimitéit an der Kommissioun ze kréien. Mir däerfen net herno eppes falsches schreiwen, nëmme fir datt mer alleguerte mateneen d'accord sinn.
An da gouf e Mëttwoch och an de Couloiren vun der Chamber ugedeit, de Staatsminister hätt gefrot fir alleng 4 Stonne kënnen ze schwätzen ee Mëttwoch an der Chamber. Kee Problem seet de François Bausch.
François Bausch: Wéinst menger kann en och 50 Stonne kréien, wann hien dat gären hätt. Ech mengen ech hunn domatter kee Problem. Mir wäerten en Fonctioun vun deem wat d'Wënsch an d'Iwwerleeunge vun de Leit sinn, wäerte mer dee Model festleeën deen ee gären hätt. An datt jidfereen méiglechst vill Zäit kritt fir nëmme kënnen alles ze soe wat e wëll soen.
Wat nach de weidere Planning ugeet. En Donneschdegmëtteg vu 15 Auer u ginn d'Diskussiounen an der Kommissioun ofgeschloss an e Freideg an der Mëttesstonn, also een Dag méi spéit wéi geplangt, ass de Vote dann an der Kommissioun.
Geheit dat net och dem Jean-Claude Juncker säin Timing op d'Kopp, schliisslech ass e Freideg de Moie méi wéi sécher Regierungsrot.
Alex Bodry: De Premier wäert sech jo mengen ech informéiere loosse vun de Memberen hei aus der Kommissioun. Ech mengen e weess schonn a wat fir eng Richtung dass dat doe geet. Wat jo net méi eigentlech zur Diskussioun steet dat sinn elo deen Deel Konklusiounen a Recommandatiounen. Duerch dee si mer eigentlech.