D'Conférence des Présidents huet en Donneschdegmoien den Debat iwwert de Rapport vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht fixéiert.

Deen Debat ass e Mëttwoch um 14 Auer. Als éischte schwätzt de Rapporter François Bausch. Hien huet eng Stonn ze gutt.

Duerno kritt de Premier d'Wuert an deem seng Riedzäit ass op 2 Stonne fixéiert ginn.

Nom Premier ass et dann un de Fraktiounen an déi hunn all Kéier eng Stonn. D'Sensibilités politiques kréien all 20 Minutten.

Mercredi, le 10 juillet 2013 à 14.00 heures (45)

6565 Rapport de la Commission d'enquête sur le Service de Renseignement de
l'Etat

Temps de parole: Rapporteur (60'), M. Jean-Claude Juncker (120'), groupes
politiques (60'), sensibilités politiques (20') et Gouvernement (30')

SREL-Enquêtekommissioun vum Donneschdeg

AUDIO: Enquêtekommissioun/Reportage Frank Kuffer

D'Enquêtekommissioun Geheimdéngscht ass elo um Wupp vun den Aarbechte fir den Ofschlossrapport ukomm. Um Freideg soll definitiv di lescht Sëtzung sinn, sot no der Reunioun vum Donneschdeg de Kommissiounspresident Alex Bodry. Den Test ass an de leschten Deeg ëmmer méi gewuess, ëmmer méi Detailer sinn an Annexe dobäi komm. De President Alex Bodry (LSAP) mengt awer net, dass de Rapport elo verwässert ass.

AUDIO: Alex Bodry: Rapport gouf net verwässert

D'CSV ass nach net sécher wéi se um Freideg ofstëmmt, dat gëtt um Freideg nach eemol mam Bureau vun der Fraktioun beschwat, sou de Fraktiounschef Gilles Roth. Hie ka sech alles virstellen.

AUDIO: De Gilles Roth

Ëmmer erëm dann och d'Fuerderung no der Responsabilitéit vun der Kontrollkommissioun, ee Punkt, dee scho laang ofgehakt ass, soen déi aner Memberen. De Gilles Roth schéngt awer nach ze hoffen? Wat mengen d'Fraktiounschefe vun deene Gréngen a vun der DP, François Bausch a Claude Meisch dozou? De Claude Meisch sot, datt hie mengt, datt d'CSV-Fraktioun op eng Ausso vum Premier waart. Och d'Lëtzebuerger géingen op eng Erklärung waarden.

An déi Erklärung kéint jo a Form vun der Annonce vun der Demissioun vun der Regierung nom Regierungsrot kommen. A wat geschitt da mam Rapport vum François Bausch? De gestëmmte Rapport gëtt public. D'Plénière géing jo déi politesch Konsequenzen zéien.

D'CSV muss de Rapport bal stëmmen mengt de Gast Gibéryen vun der adr.

AUDIO: De Gast Gibéryen

De Serge Urbany vun déi Lénk war souwisou net iwwerzeegt de Rapport ze stëmmen, well de Geheimdéngscht awer bestoe bleift. Um Donneschdeg krut hien een Argument weider fir sech um Freideg z'enthalen. D'Enquête iwwert de SREL soll nämlech net méi an enger parlamentarescher Kommissioun weider gefouert ginn.

AUDIO: De Serge Urbany

Um Freideg ass wéi gesot di lescht Sëtzung vun der Enquêtekommissioun. Am Nomëtteg gëtt de Rapport dann direkt nom Vote public.

AUDIO: SREL: Den Alex Bodry
CSV nach ouni Positioun ?!
Et heescht CSV Fraktioun wéilt fir d'éischt den Regierungsrot ofwaarden, an dofir wier den Vote eréischt muer an der Mëttesstonn

An och op der däitscher Tëlee, war d'Affär ronderëm de Lëtzebuerger Geheimdéngscht en Donneschdeg een Thema. An zwar an der Emissioun Maybrit Illner, wou den Ausseminister Jean Asselborn nees Invité war. Hei, wat hien zu de Chamberaarbechten d'nächst Woch hei zu Lëtzebuerg sot:

Jean Asselborn: Nächste Woche kommt die Regierung vor das Parlament und wird dann das tun, was in einem Rechtsstaat zu tun ist in einem solchen Fall.

AUDIO: De Jean Asselborn (1)

Bei der Maybrit Illner ass et en Donneschdeg ënnert anerem ëm d'Spionage-Affär gaangen vum amerikanesche Geheimdéngscht. Mir musse ganz gutt oppassen, an dee Malaise esou séier wéi méiglech nees aus der Welt schafen, fir d'Bezéiungen tëscht Europa an Amerika intakt ze halen, esou de Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Wenn wir reden miteinander, dann sagen wir ja wir sind Verbündete, wir sind Freunde, wir machen vielen zusammen... Aussenpolitisch... Wirtschaftspolitisch... dann ist die Frage die jeder normale Bürger sich stellt: Was machen Wanzen in diesem Spiel? Warum müssen codizizierte Dokumente abgelichtet werden? Ich glaube hier geht es um die Freundschaft zwischen Amerika und Europa und hier muss schnellstens von amerikanischer Seite gesagt werden, was ist. Es kann nicht sein, da steh ich dazu, dass wir einerseits Diplomatie haben, und andererseits dieses Ausspionieren. Beides hebt sich auf, und das müssen wir ganz ganz schnell wieder herstellen sonst wird an der Freundschaft genagt.

AUDIO: De Jean Asselborn (2)