Ongewéinlech: 59 Deeg laang Sëtzungen – an elo ass Paus bis Mëtt September. En Tësche-Bilan vum nico graf.

Wéi Gespenster lafen se sech duerch hiren eegene Prozess, déi zwee Ugekloten, de Marc Scheer, méi kuerz, méi breet, um Couloir vill méi gespréicheg wéi de Jos Wilmes, deen ass méi laang, méi crispéiert, méi schei.Si sinn an hirem Prozess bal iwwerhaapt nach net zu Wuert komm. An dat ass de grousse Manko vum Prozess bis ewell. E Prozess, wou Riichterin a Procureur sech virgeholl hunn awer och jidfer Volet vun der Affair Bommeleeër opzeschaffen. Wuel, fir datt herno kee méi soe kann, et wier iergendeppes net gekuckt, analyséiert recherchéiert ginn – eng Aufgabe, déi eben esou schwéier ass, well an den 80er Joer net uerdentlech geschafft ginn ass, och well deemools express laanscht d' Justiz gemurkst ginn ass.

An d' Piste stay-behind eben och guer net envisagéiert ginn ass, Déi grouss – vläit express opgeloosse - Lacune aus deene Joer. Well den italienesche Gladio-Strëppenzéier Lico Gelli war nun emol am Land, well de Jacques Santer an der Chamber – nu je, well en Arméis-Colonel ronderëm d' Pylônen zu Beideler gestrach ass, well et wahrscheinlech och hei am Land e Sabotage-Volet vum stay-behind gouf, deen enk mam Militär verbandelt war. A well ee wierklech net gesäit – och wann ee ganz schlechte Wëlle géingt si hätt – wéi Scheer a Wilmes 20 Attentater an Eegeregie sollen duerchgezunn hunn.

Do feelt viru Geriicht eng ganz Kommando-Struktur.

Dorunner gëtt awer geschafft.

Dat explizéiert, firwat de Pierre Reuland an de Guy Stebens elo esou an de Laberente sinn. De Luc Frieden ass aus dem Geriicht als politesche Support vun deenen zwee erauskomm; gutt fir hien, datt d' Chamber him weider vertraut, an der Justiz ass dat net den allgemenge Feeling.

A wann een esou iwwer déi 59 Sëtzungsdeeg nodenkt, da mierkt, wat een alles scho bal vergiess huet: de face-à-face Wormeringer-Geiben, den onwahrscheinlechen däitschen Zeien Andreas Kramer, de Robert Biever, dee mam Ben Geiben Kaffi drénkt, Phantom-Biller vun de Bommeleeër, déi ee nach ni gesinn hat, an déi ee besser net vergësst, wann ee sech weider fir d' Affaire interesséiert.

Mention BIEN iwwregens fir Technik an Akustik am Geriicht; Mention BIEN och fir d' Kommunikatioun vun der Defense. D' Kommunikatioun vum Parquet – schwätze mer net driwwer. Mee hei – wéi schonn esou dacks am Geriicht – erëm eng Kéier d'Offer: mir si prett fir en Interview.

AUDIO: Tëschebilan Bomm/Reportage Nico Graf
Bommeleeër: Et geet an d'Summerpaus
.